Medien RTL: Finanzement vun ëffentlech-rechtlecher Missioun bis 2030

De Finanzement vun der ëffentlech-rechtlecher Missioun vun RTL ass fir déi nächst Jore geséchert: d'Chamber huet mat grousser Majoritéit e Gesetz gestëmmt, dat fir d'Joren 2024 bis 2030 eng global Enveloppe vu knapp 100 Milliounen Euro virgesäit, fir d'Aufgabe vun RTL Radio an Tëlee am Beräich vum Service public ze ënnerstëtzen. Dat geschitt op déi Manéier, datt den Defizit vun deenen Aktivitéite mat staatleche Sue gedeckt gëtt, woubäi déi Zomm awer net iwwer 15 Milliounen Euro d'Joer erausgoen dierf.

Maurice Molitor / cbi

RTL City
D'RTL-City um Kierchbierg. Foto: Archiv

Lauschteren


Déi aktuell Konventioun mam Staat leeft bis Enn 2023. Duerno huet RTL also nach eemol siwe Joer laang Rou.

Ëffentlech-rechtlech Tëlee bleift en Theema

D'CSV huet d'Gesetz matgestëmmt, wéi all déi aner och, ma Ausnam vun déi Lénk, déi sech enthalen hunn. Si di sech schwéier domat, datt e Privatbetrib e Service public iwwerhëlt, esou d'Nathalie Oberweis.

"Mir mengen nach ëmmer, datt Lëtzebuerg e richtegen ëffentlech-rechtlechen Tëleessender brauch. An ëffentlech heescht net Staatstëlee."

Eng ëffentlech-rechtlech Tëlee bleift och fir d'LSAP en Theema, vläicht fir no 2030 - wie weess, sou d'Parteipresidentin an Deputéiert Francine Closener an der Debatt. Fir si ass d'Onofhängegkeet vum Sender awer och an der aktueller Constellatioun net a Gefor.

Onofhängegkeet vun de Redaktiounen

Doduerch, datt d'Finanzéierung gesetzlech festgeluecht ass, wier séchergestallt, datt keen Drock vu Politiker oder soss staatlechen Apparater am Alldag op déi respektiv Redaktiounen ausgeüübt kéint ginn.

Mee déi Redaktioune misste verantwortungsvoll mat hirer Onofhängegkeet ëmgoen, seet den ADR-Deputéierte Roy Reding. RTL misst verstoen, datt "e Service public net besteet fir de Bierger ze beléieren, net fir en ze erzéien, a scho guer net fir seng Meenung ze manipuléieren."

De Medieminister huet sech iwwer déi breet Zoustëmmung gefreet, zu engem Accord mat RTL, ëm deen et - anescht wéi an der Vergaangenheet - keng Geheimnisser méi ginn: "jiddweree ka kucken, wat mer mat hinnen ausgemaach hunn", seet de Xavier Bettel. Den Accord wier "en toute transparence" ënnerschreiwe ginn.

Méi zum Thema

Véronique Faber
Nei Presidentin vum Verwaltungsrot

Déi nei Presidentin vum Verwaltungsrot vum radio 100,7 fënnt net, datt de Radio mat RTL fusionéiere sollt. E bicephale Conseil, wéi de Xavier Bettel dat virgeschloen huet, wier keng ideal Léisung.

RTL Group Logo
Medien

An Zukunft soll de Staat den Defizit vun RTL Télé iwwerhuelen. Dobäi handelt et sech ëm eng onkloer Zomm a Milliounenhéicht pro Joer. De Konzessiounsvertrag soll an Zukunft och verkierzt ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen