Roth: PAG Mamer geschwënn an "dréchenen Dicher"
De Mamer Député-Maire Gilles Roth an den Inneminister Dan Kersch hunn e Freideg e Rendez-Vous fir iwwert den annulléierte Generelle Bebauungsplang (PAG) vun der Gemeng Mamer ze diskutéieren. Am 100,7-Interview sot de Gilles Roth sech zouversiichtlech, datt een de PAG an dréchen Dicher kéint bréngen.
De Mamer Buergermeeschter dementéiert weiderhi formell e Beamten am Inneministère ënner Drock gesat ze hunn, fir de PAG vu senger Gemeng duerchboxen. Ee Reproche, deen den Inneminister Dan Kersch de leschte Freideg virun der Press gemaach huet.
Hie wéilt keen Ueleg op d’Feier schëdden sou de Gilles Roth, hie géing sech awer d’Fro stellen, firwat de PAG all déi lescht Méint keen Thema gewiescht wier, mee réischt no der Decisioun vum Verwaltungsgeriicht d’lescht Woch de Plang ze annuléieren.
De Gilles Roth:
Zwee Uerteeler vum Verwaltungsgeriicht vu virun enger Woch suerge fir Diskussiounen. Nodeems dem Inneministère seng Approbatioun vum generelle Bebauungsplang vu Mamer annuléiert gouf, sinn nei Informatiounen a Beschëllegungen op d’Tapéit komm. No der séierer Léisung, déi de Mamer Buergermeeschter sech wënscht, gesäit et op jiddefall net aus. Detailer am Dossier vum Jean-Claude Franck: