arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Middegkeet, wéineg Privatliewen

Transportsecteur

|
reading time

4 min

Vill Middegkeet, wéineg Privatliewen

De Kollektivvertrag vun de private Buschaufferen ass am November 2014 ausgelaf. Op ee neien Text konnten d'Gewerkschaften an d’FLEAA, d’Federatioun vun de Busentreprisen, sech nach net eenegen. De Moment leeft eng Concoliatioun. Grousse Sträitpunkt bleift d'Dagesaarbechtszäit, déi iwwert e Reglement soll geregelt ginn.

Christiane Kleer

reading time

4 min

De Moment steet e Buschauffer aus dem Privatsecteur sengem Patron all Dag bis zu 14 Stonnen zur Verfügung. Dat heescht zwar net, datt hien 14 Stonnen um Stéck och mam Bus fiert, mee dat heescht awer och net datt hie kann heemgoen, wann hien net grad op enger Tour ass. "Hien muss disponibel sinn a steet dann op verschidde Plazen ze waarde wou e muss bei sengem Bus bleiwen. An där Zäit kann hien net bei senger Famill sinn, wat d'Familljeliewe komplett belaascht", sot de Romain Daubenfeld, zoustännege Gewerkschaftssekretär beim OGBL, haut am 100,7-Interview mam Mick Entringer.

An deene Stonne wou si net fueren – an och net bezuelt ginn – géifen d'Buschaufferen zum Beispill an der Stad um Bouillon oder um Glacis stoen ze waarden. "Doduerch entsteet och eng Iwwermiddung an eng Gefor", seet de Romain Daubenfeld. 

D'Patrone vun der FLEAA maachen déi aktuell Verhandlunge fir de Kollektivvertrag vun der Regelung iwwert d’Dagesaarbechtszäit vun de Buschaufferen ofhängeg. Dem OGBL no dierfe béid Saachen awer net matenee vermëscht ginn. Schonn zanter 20 Joeren ass et eng gewerkschaftlech Fuerderung fir d’Amplitude vu 14 op zéng Stonnen den Dag erof ze setzen, sou den OGBL-Gewerkschaftssekretär Romain Daubenfeld.

"Mir kéinte scho vill méi wäit sinn"

Hien gesäit an, datt esou e Erofsetze vun der Amplitude fir d'Patronen net einfach ëmzesetzen ass, mee weist drop hinn, dat seng Gewerkschaftschaft scho viru Joeren no Simulatioune gefrot huet, fir kënne lues a lues op dee Wee ze goen. "Mir kéinten haut scho vill méi wäit sinn", seet de Romain Daubenfeld. Mee doduerch datt d'Chauffeuren net bezuelt gi wann se waarden, gesinn d'Patronen och kee Grond fir d'Amplitudë generell erof ze setzen. 

Ugangs stoung den OGBL mat senger Fuerderung net alleng do. Och den LCGB war fir eng generell Baisse vun den Amplituden, huet rezent allerdéngs Waasser a säi Wäi geschott, seet de Romain Daubenfeld. Den LCGB wier deemno lo domat averstan, datt d'Amplitude just fir Chauffeuren erofgesat gëtt, déi kuerz Strecken fueren (ënner 50 Kilometer). An enger Rei Matdeelungen, huet den OGBL gewarnt, datt d'Salariéen sech net solle "blende" loossen. Wann d'Reglement sou géif duerchgoen, datt hätten d'Patronen all d'Trëmp an der Hand fir d'Negociatioun fir de Kollektivvertrag schleefen ze loossen.

2000 Mënsche schaffen am private Bustransport, am ëffentleche sinn et der eng 1000. Allerdéngs géifen d'Schichten am ëffentlechen Transport net tselwecht laang Daueren an och d'Salairë wiere méi héich. De Romain Daubenfeld seet,  den Transportminister François Bausch hätt versprach bei der FLEAA ze intervenéiere fir datt d'Kollektivevertragsverhandlunge am Privatsecteur viru kommen. Hien fuerdert der François Bausch awer och dozou op, sech an der Fro vun den Amplitude fir Buschaufferen anzesetzen.

"Nëmme mat vill Kaffi an Energydrinks"

D’Situatioun bei de Camionschauffere wär nach vill méi schlëmm wéi bei de Buschauffeuren. Sozialdumping tëscht ost- a westeuropäesche Chauffere géing zu grousse Spannungen am Beruffsstand féieren.Déi concernéiert Chauffeure wieren dacks wochelaang net doheem. All Dag géif 14 bis 15 Stonne gefuer ginn, an et sinn och méi extrem Fäll bekannt: Chauffeuren déi mat 30 Stonnen um Tachograph kontrolléiert ginn.

"Mir hunn eis och gefrot wéi dat geet. Dat geet wahrscheinlech just mat ganz vill Kaff an Energydrinks", seet de Romain Daubenfeld am Interview mam Mick Entringer. Ett géife net genuch Kontrolle gemaach ginn, wat dozou géif féieren, datt grouss Grozonen entstinn. "Dat ass geféierlech fir d'Sécherheet", sou de Gewerkschaftssekretär. Déi Accidenter déi et ginn, wieren der zwar net vill an der Zuel, mee si wieren ëmmer "déidlech". D'Stëmmung am Secteur wier deementspriechend schlecht. 

D’Lëtzebuerger Patronatsvereenegung “Groupement Transport” an d'Patronat "am alen Europa" ass dem Romain Daubenfeld no deels Affer vun der Situatioun. D’lëtzebuerger Tranpsortbetriiber willten awer näischt zesumme mat de Gewerkschafte géint de Sozialdumping ënnerhuelen.