Rolf Verleger zum Konflikt am Noen Osten
D’Ideologie an der israelescher Regierung verhënnert eng Léisung zum Konflikt am Noen Osten, esou de fréiere Direktiounsmember vum däitschen "Zentralrat der Juden" Rolf Verleger am 100,7-Interview. D’Stëmmung an Israel géif sech ëmmer méi radikaliséieren a "messianesch" ginn, sou de Psycholog an israel-kriteschen Auteur. Gaza ass e grousse Prisong. D’Attacke vun der Hamas si villäicht déi eenzeg Méiglechkeet fir d’Welt op de Schicksal vun der Gazasträif opmierksam ze maachen, esou de Rolf Verleger. Ënnert deene Konditioune wär d’Reaktioun vun der Hamas z’erklären. Iwwregens ass de Rolf Verleger der Meenung dass déi international Kritik géigeniwwer Israel méi wéi just “Show” ass. Zum Beispill huet d’europäesch Unioun decidéiert, dass den Associatiouns-Accord mat Israel net fir déi besidelt Gebidder gëllt. Dat wär de richtege Wee.
Den Interview vum Gil Goebbels mam Rolf Verleger: