Riicht Eraus: Trennung vu Kierch a Staat?

Fir den Alex Bodry huet een et mat engem Paradigmewiessel ze dinn, well een elo an en "Separatiounssystem" era kéim. Hie gëtt zou, datt een et awer net mat enger Radikaltrennung du Kierch a Staat ze dinn huet.
D’Sträichen an d’Ersetze vun de Verfassungsartikelen iwwert d'Relatioune vu Kierch a Staat, op déi sech d’Chamber dës Woch gëeenegt huet, kéint eventuell scho vrun der grousser Verfassungsrevisioun ëmgesat ginn. Dat huet de LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry envisagéiert. Fir de CSV-Fraktiounschef wär dat net dat wat ofgemaach gi wär. De Claude Wiseler seet sech ganz retizent fir vrun der geplangtener Verfassungsreform 2017, déi aktuell Verfassung um Punkt vun de Relatiounen tëscht Staat a Kierch ze änneren.
D'CSV huet den Accord tëscht der Kierch an der Regierung erméiglecht, ouni si wär et net gaang, och wann d'CSV net mam Inhalt averstanen ass, sot de Generalvikar vun der kathoulescher Kierch. Den haitege Seminaire wärt ëmgewandelt ginn an e wëssenschaftlechen Institut fir all Glawensgemeinschaften. Fir an Zukunft dat integraalt Personal vun 236 Läit, déi bis ewell als "ministres des cultes" definéiert waren, kennen ze halen ass d’Kierch op déi finanziell Ënnerstëtzung vum kathoulesche Vollek ugewisen, sot den Erny Gillen.
Déi ganz Emissioun Riicht Eraus moderéiert vum Mick Entringer: