Riicht Eraus Spezial: Joresréckbléck 2014
Et goufen eng Partie Evenementer dëst Joer zu Lëtzebuerg, déi an déi politesch Geschichtsbicher aginn. Fir d’drëtte Kéier ass e Lëtzebuerger President vun der EU-Kommissioun ginn. D'Europawahlen waren hei am Land fir d’éischte Kéier vun de Chamberwahle getrennt. Et war d’Joer vun der LuxLeaks-Affaire an et war méi generell dat éischt Joer vun enger Dräierkoalitioun, déi aus anticipéierte Wahlen ervir gaang ass an déi sech virgeholl hat, et anescht ze maache wéi déi Regierunge vu virdrun. Dat sinn déi véier grouss Evenementer, un déi de Jean-Claude Franck dësem Riicht Eraus Spezial um Enn vum Joer erënnert, mat och Kommentare vum Premier Xavier Bettel.
Den éischten Deel vun der Emissioun zum Thema "Spueren a Steieren":
D'LuxLeaks-Revelatioune stinn am Mëttelpunkt vum zweeten Deel:
An am drëtten Deel geet et ëm d'Europawahlen, de Jean-Claude Juncker an d'CSV: