Riicht eraus: Generalvikar Leo Wagener
D’Kierch muss léieren, datt et net duer geet fir bei enger äusserer Praxis ze bleiwen, de Gleewege muss haut zu sengem Glawe stoen, och no baussen hin, esou de Generalvikar Leo Wagener an der Emissioun Riicht Eraus. Perséinlech kann sech de Generalvikar Leo Wagner eng Ouverture virstelle beim Zölibat a beim Diakonat a Priesteramt fir Fraen.
Datt d’CSV dem Tageblattsondage no 5 Sëtz bäigewënnt, an d’Regierungskoalitioun der 7 verléiert, ass dem Leo Wagener no eng Konsequenz vum Referendum. D’Leit hätten et net verdaut, dass d’Regierung hinne wollt virschreiwen, wat se ze wielen hunn, esou de Generalvikar, dee begréisst datt déi 4. Fro iwwert de Finanzement vun de “ministres des cultes” net gestallt ginn ass. Senger Meenung no wär an deem Fall de Referendum och ganz anescht verlaf.
Aktuell schafft den Äerzbistum un enger Grille salariale fir déi nei Paschtéier déi vum Hierscht un net méi vum Staat bezuelt ginn. D’Paie ginn dann haaptsächlech iwwer Don’en finanzéiert, a wäerte méi niddreg ausfaalen.
Am Hierscht sollen d’Kiercheréit vum Äerzbistum gebrieft ginn, iwwert de Funktionnement vum Immobilienfong deen an Zukunft d’Immobilië vun de Kierchefabrike wärt verwalten.
Déi ganz Emissioun mam Generalvikar Leo Wagener Riicht Eraus moderéiert vum Mick Entringer: