Riicht Eraus: Gast Gibéryen

giberyen3-1024x729.jpg

"D’ADR steet haut sou stabil do, wéi nach ni", sou den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen. D’Partei hätt haut eng kloer wäertkonservativ Linn. Problemer mat rietsextremen Tendenzen, wéi se 2012 an der ADR-Jugend opkomm waren, géif et net méi ginn.

De Gast Gibéryen huet de Bréif vum Fernand Kartheiser un déi däitsch Ambassadrice verdeedegt, an deem säi Parteikolleg fuerdert, dass déi däitsch Residenten, sech aus der Debatt iwwert d’Auslännerwahlrecht eraushalen. Iwwer Froen, déi di national Souveränitéit concernéieren, dierfte just d’Lëtzebuerger matschwätzen, esou de Gast Gibéryen. D’ADR gesäit zu Lëtzebuerg keen Demokratiedefizit, an ass géint d’Auslännerwahlrecht grad wéi géint eng weider Ouverture vum Nationalitéitgesetz. D’ADR hält d’Referendumscampagne fir net equilibréiert genuch a fuerdert, datt d'Online-Initiativ “Nee2015.lu” mat ëffentleche Gelder ënnerstëtzt gëtt.

Éier déi geplangte grouss Steierreform ka gemaach ginn, muss dem Gast Gibéryen no déi aktuell Steierpolitik méi transparent ginn. Ob Lëtzebuerg no de LuxLeaks-Revelatiounen iwwer d’Steiernische fir multinational Entreprisen, nach kann op de Geschäftsmodell vun de Bréifkëschtefirmae setzen, dozou wollt den ADR-Deputéierte keng definitiv Positioun bezéien. Mee hien huet fir europäesch Mindeststandarden fir d’Betribsbesteierung pladéiert: Lëtzebuerg géif selwer och ënner dem Dumping an der aggressiver Steieroptiméierung leiden.

Am Wahlprogramm hat d’ADR nach fir déi sougenannt “Interêts Notionnels” plaidéiert, e Steieravantage fir grouss Betriber déi eegent Kapital investéieren. Wéint dem Risiko, dass doduerch grad wéi an der Belsch enorm Recettë verluer kéinte goen, hätt d’ADR hir Meenung dozou geännert: “D’Regierung huet déi Iddi fale gelooss, a mir hunn se och fale gelooss.”

Am Dossier Cargolux géif déi blo-rout-gréng Koalitioun déi nämmlecht konfus Politik maachen, wéi déi viregt Regierung, sou nach d’Kritik vum Gast Gibéryen. Et wier net normal, dass am Management vun der Cargolux “permanent Leit kommen a Leit ginn.”

D'Emissioun "Riicht Eraus", moderéiert vum Pia Oppel:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen