Riicht Eraus: den IFEN kennt op de Campus Walfer
Den neie “Institut de Formation de l’Éducation nationale” IFEN, wou an Zukunft d’Léierpersonal seng 3 Joer Stage wärt maachen, kennt viraussiichtlech op de Campus vu Walfer, wann d’Uni op Belval gezunn ass. Dat sot an der Emissioun Riicht Eraus de Mëtteg de Camille Peping, Responsable vum “Institut de Formation continue” vum Edukatiounsministère. Fir datt den IFEN an Zukunft d’Stagen an d’Fonctioun publique era kann ëmsetzen, kommen nei Käschten op de Staat zou. Esou muss e.a. Personal recrutéiert ginn, fir d’Enseignant’en vun der Grondschoul an dat edukatiivt a psycho-sozialt Schoulpersonal. Béid Beruffsgruppen hate bis elo kee pedagogesche Stage fir an d’Fonction publique zougelooss ze ginn. De neien Institut soll d'nächst Joer operationell sinn.
An der Emissioun Riicht Eraus zum Thema “Ausbildung vum Enseignant” gouf et e Konsens, datt de Beruff vum Enseignant ëmmer méi komplex gëtt, well d’Gesellschaft och méi villsäiteg ginn ass. Zu Wuert an der Emissioun Riicht Eraus kommen och de Jos Bertemes Direkter vum SCRIPT (dem Fuerschungs- an Innovatiounsservice vum Edukatiounsministère), de Gérard Gretsch Responsablen op der Uni Lëtzebuerg fir de Bachelor an Erzéiungswëssenschaften, souwéi och Enseignanten.
Moderatioun Mick Entringer: