Energiepolitik De Retour vun der Atomenergie a Frankräich

Zu La Hague an der Normandie gëtt haut iwwer eng nei Piscine nucléaire debattéiert, fir méi Atomoffäll lageren ze kënnen. Dem Stroumfournisseur EDF no wier déi al Piscine nucléaire geschwënn voll. Obwuel d'Wëssenschaft ëmmer nach keng nohalteg Léisung zur Entsuergung vu radioaktiven Offäll fonnt huet, plangt de President Emmanuel Macron de Bau vun neien Atomreakteren. Virun de Presidentschaftswalen am Abrëll 2022 gëtt d'Energiepolitik zu engem Politikum, esou eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.

Léonardo Kahn (Paräis) / tt

Atomkraaftwierk
Foto: Tom Fawls Photography

De riets-konservative Kandidat Xavier Bertrand huet den 7. November um Fernseesender La Chaîne Info erkläert, datt seng éischt Prioritéit als Presidentschaftskandidat d'Relance vun der Atomenergie wier - an dat duerch de Bau vun zéng neien Nuklearreakteren.

Macron erhéicht den Drock op d'EU

De Xavier Bertrand huet mat senger Ausso warscheinlech net esou vill Resonanz erwaart. Zwee Deeg drop, den 9. November, annoncéiert de President Emmanuel Macron bei senger ëffentlecher Usproch de Bau vun neien Atomreakteren: "Nous allons pour la première fois depuis des décennies, relancer le développement de réacteurs nucléaires dans notre pays et continuer à développer les énergies renouvelables."

Grënn heifir wieren d'Klimaziler an d'Energie-Onofhängegkeet, esou den Emmanuel Macron. Inoffiziell geet et dem President villäicht och drëm, der Droite de Buedem ënner de Féiss ewechzezéien. Zanterhier erhéicht hien och den Drock op d'Europäesch Unioun, fir d'Atomenergie an déi sougenannt "gréng Taxonomie" ze integréieren, fir sou säi Projet subventionéiert ze kréien. Virun allem Däitschland, Éisträich a Lëtzebuerg wiere sech awer géint dee Projet.

D'Macron-Regierung war schonn ëmmer pro-nucléaire. De fréiere Premier Minister Edouard Philippe war zum Beispill dräi Jore laang Atomenergie-Lobbyist. Mat der Fermeture vum Atomkraaftwierk zu Fessenheim am Elsass lescht Joer weist de franséische Staats-Chef awer, datt hien och den Atomgéigner entgéint kënnt.

De leschten Ëmfroen no si knapp 6 vun 10 Fransouse fir eng Relance vun der Atomenergie. A Frankräich produzéiere 56 Atomreakteren zwee Drëttel vum Energiehaushalt. Siwe weider Reaktere si schonn a Planifikatioun. Konkret wëll den Emmanuel Macron niewent de bestoende Reakteren, méi kléng, sougenannt Small Modular Reactors (SMR) bauen. Den éischte SMR-Projet leeft zanter 2012 zu Flamanville an der Normandie a kascht bal sechs mol méi wéi ugangs geplangt.

Sinn d'Annoncë just Marketing?

De franséische President géing Politik-Marketing bedreiwen, mengt den Ingenieur an Essayist Vincent Liegey:

"Il y a un effet d'annonce qui est purement du marketing électoral avec derrière on ne sait pas exactement. Comment cela va se mettre en place sachant qu'on voit à quel point les derniers projets nucléaires qu'on a su bien lancer en France ou en Chine, en Angleterre ou en Finlande, c'est en train de s'embourber de manière effroyable et une explosion des couts et surtout toujours plus d'inquiétude quant à notre capacité de vraiment contrôler ces technologies, qui ne représente que cinq pourcent de l'énergie primaire à l'échelle mondiale."

Als Reaktioun op dem Emmanuel Macron seng Energiepolitik schwätzt de lénks-extreme Kandidat Jean-Luc Mélenchon vun eng deierer a geféierlecher Campagne. De grénge Kandidat Yannick Jadot fënnt de Projet irresponsabel. Déi grouss Majoritéit vun de Presidentschaftskandidate sinn allerdéngs kloer pro-nucléaire. Politologe fäerte souguer, datt d'Droite aus dem europäeschen Energienetzwierk auszetriede kéint, wann d'Atomreakteren net vun der EU subventionéiert ginn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Léonardo Kahn
Lauschteren

Méi zum Thema

Illustratioun fifty shades of green
GRÉNG FINANZEN

Hu Gas oder Atomkraaft de Label "nohalteg" verdéngt? Op kee Fall, seet den Energieminister. De Finanzminister ka sech eng méi grouss Faarf-Palette bei deem Klassement virstellen. An der EU gëtt hefteg doriwwer diskutéiert.

Roger Spautz
Sot emol

1984 hunn de Roger Spautz an de Raymond Triebel mat Kolleegen Greenpeace Lëtzebuerg gegrënnt. Lauter Leit, déi aus Organisatioune wéi der Friddensbeweegung koumen.

Stroummast
GRÉNG FINANZEN

D'Europäesch Kommissioun huet d'Reegele fir "gréng" Investitiounen iwwerschafft. Déi ëmstridde Fro, ob Atomenergie oder Äerdgas kënnen als nohalteg aklasséiert ginn, bleift op.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen