Däitschland Rekord-Infektiounszuelen an Däitschland

An Däitschland klammen d'Coronavirus-Infektiounszuele rapid un. Momentan ginn esou vill Leit krank um Virus wéi nach zu kengem aneren Zäitpunkt vun der Pandemie. Wärend d'Intensivmediziner virun enger Iwwerlaaschtung vun de Klinicke warnen, gëtt a verschiddenen däitsche Regioune Karneval gefeiert. Vereenzelt Bundeslänner hunn awer elo schonn de medezinesche Katastrophefall ausgeruff.

Matthias Kirsch / cz

Lothar Wieler
Foto: picture alliance / Wolfgang Kumm

50.000: Sou vill Leit hu sech, dem däitsche Robert-Koch-Institut, eleng e Mëttwoch vun dëser Woch an Däitschland mam Coronavirus ugestach. Och den Dag duerno, also gëschter, waren et der nees méi wéi 50.000. Et sinn déi héchsten Infektiounszuelen, déi d'Land zënter dem Ufank vun der Pandemie erlieft.

Zënter Wochen hunn Wëssenschaftler an Intensivmediziner virun Zuele gewarnt déi klammen, ma wochelaang ass näischt geschitt. Au contraire: Mëtt Oktober waren eréischt d'Gratistester ofgeschaaft ginn, d'Impfquote ass weider op der Plaz getrëppelt ouni gréisser Ustrengungen dorun eppes ze veränneren - an u Restriktiounen ass net geduecht ginn. D'Futtballstadie waren nees voll, Concerte goufen nees ofgehalen.

An de leschten Deeg hu verschidde Bundeslänner dunn reagéiert. Bayern huet de medezinesche Katastrophefall ausgeruff, Sachsen an Thüringe maachen 2G zur Norm.

Ongeimpfter besonnesch a Gefor

An obwuel duerch d'Impfung manner Leit schwéier krank ginn, schloen d'Intensivmediziner aus de Klinicken Alarm. Zu Leipzig gëtt de normalen Operatiounsbetrib scho reduzéiert, fir méi Kapazitéiten ze hunn. Bal 3.000 Leit leien am Moment mat dem Coronavirus op däitschen Intensivstatiounen, gëschter sinn 191 Leit u Covid-19 gestuerwen.

Besonnesch héich bléift de Risk fir Leit, déi net geimpft sinn, sot d'Christine Falk, Präsidentin vun der Däitscher Gesellschaft fir Immunologie, an der ARD.

A knapps zwou Wochen, de 25. November, soll déi epidemesch Noutlag an Däitschland awer auslafen, wann d'Parlament se net verlängert. Genau dat wëllen déi nei Majoritéitsparteien am Parlament, also Gréng, SPD an FDP, awer net. Doduerch huet de Bund manner Kompetenzen, fir national Mesuren ze treffen.

RKI réit zu méi virsiichtegem Verhalen

Och eng bundeswäit 2G-Reegelung wëllen d'Walgewënner, déi jo grad a Koalitiounsgespréicher sinn, net. Si wëllen op aner Mesuren setzen, sou d'Grénge-Fraktiounscheffin Katrin Göring-Eckart an den Tagesthemen.

Wärend d'Zuele klammen, hunn a Rheinland-Pfalz an de leschten Deeg honnertdausende Leit zesumme Karneval geféiert. Domat kéint et geschwënn eriwwer sinn. De Robert-Koch-Institut huet schonn dozou geroden, nees all onnéideg Kontakter z'evitéieren a gréisser Veranstaltungen ofzesoen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Impfung
Coronavirus

An Däitschland klammen d'Coronainfektiounen. D'Ampelparteie wëllen dofir gewëss Reegelungen aféieren, schléissen e weidere Lockdown oder eng Schléissung vun de Schoulen awer kategoresch aus.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen