Regierung wëll Daniel Miltgen ofsetzen
Den Daniel Miltgen soll als President vum Fonds du Logement ofgesat ginn. Dat ass 100,7-Informatiounen no de leschte Freideg (6. Mäerz) am Regierungsrot décidéiert ginn.
Am Logementsministère krute mer op Nofro hi gesot, d’Regierung hätt "hir Intentioun ausgedréckt den Daniel Miltgen als President vum Fonds du Logement an als President vum Fonds d'assainissement de la Cité Syrdall ze revoquéieren". Den héije Beamte krut dat an Tëschenzäit schrëftlech matgedeelt. Der Prozedur no huet hien eng Woch Zäit fir dorop ze reagéieren. Ass d’Revocatioun bis definitiv, wiesselt den Daniel Miltgen als Premier Conseiller de Gouvernement zréck an de Wunnengsbauministère.
Den Daniel Miltgen ass als President vum Fonds du Logement ëmstridden: hie kritt vun der Ministesch reprochéiert an de leschte Joren net genuch Sozialwunnenge gebaut ze hunn. Donieft riskéiert den héije Beamten eng Enquête wéinst "Trafic d’Influence". An den nächste Woche soll en externen Audit iwwert de Fonds du Logement presentéiert ginn.
Iwwer Telefon war den Daniel Miltgen bis elo net fir eng Reaktioun z'erreechen.