Regierung ruddert beim Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht zeréck.

Och de grénge Justiz-Minister wollt sech net drop festleeën, ob während dëser Legislatur-Period e Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht gemaach gëtt. E Mëttwoch schonn hat de Premier, Xavier Bettel, dozou keng kloer Ausso gemaach. Am 100,7-Interview seet de grénge Justiz-Minister, Félix Braz, dass d’Lëscht vun de Referendum’s-Froen an der Chamber-Kommissioun iwwer d’Verfassung’s-Revisioun festgeluecht gëtt. D’Regierung an hier Majoritéit hätten e Virschlag op den Dësch geluecht, mee als gutt Demokrate géifen se dee Virschlag net gäre mam Kapp duerch d’Mauer forcéieren. Et wär der zoustänneger Kommissioun iwwerlooss. Op Twitter huet den Alex Bodry geschriwwen : “Bis op weideres gëllt a Saache Referendum de Regierung’s-Programm. Alles anescht géif duerchernee bréngen...”.

De ganzen Interview vum Gil Goebbels mam Felix Braz :

 

Hei wat de Felix Braz den 3. Dezember 2013 sot, wéi déi Gréng um ausseruerdentleche Kongress iwwert de Regierungsprogramm ofgestëmmt hunn: “D’Chamber an d’Regierung si fundamental wichteg Institutiounen, mee si sinn net alles. Mir wäerten de Biergerinnen a Bierger d’Wuert dowéinst méi oft ginn, a net nëmmen d’Wuert, mee och d’Entscheedung an deene Froen, déi vun zentraler Natur si fir de Grondkonsens ënnert eis, och ginn. (...) De Referendum wäert an de nächste 5 Joer eng wichteg Roll spillen, et wäerten 2 Referende gi – zumindest 2 Referenden, déi d’Regierung wäert ustoussen. An zwar wëlle mer déi Aarbechten, déi zënter elo bal 10 Joer am Gaange si fir eng Verfassungsrevisioun ze maache fir d’éischt engem Referendum ënnerwäerfen op e puer präzise Froen, Froe vun enger besonnescher Bedeitung. Déi Lëscht hu mir nach net exhaustif ausgestallt, et stinn am Moment 4 Froen am Koalitiounsaccord. “Notammant” 4 Froen, fir déi déi dat iwwersinn haten, an do kënnen der dobäi kommen am Gespréich mat den anere Fraktiounen a Parteien aus der Chamber.

Mir wëlle Froen, wéi zum Beispill de Saz aus der Verfassung dass d’Salairë vun de Ministres de Cultes zu Laaschte vum Staat sinn engem Referendum ënnerwäerfen; d’Fro op eis auslännesch Matbierger zu de Chamberwahle kënnen zougelooss ginn; d’Fro op d’Ministermandater bei 2 solle limitéiert ginn. Beispiller vu Froen, déi mer dem Referendum wëllen ënnerwäerfen a wann se da géingen ugeholl ginn am Referendum, féiere mer d’Aarbecht weider iwwert d’Verfassungsrevisioun, déi dann an engem éischte Vote vun der Chamber ugeholl gëtt an dann, sou gesi mer et fir, an engem zweete Vote erëm eng Kéier iwwert e Referendum soll bestätegt ginn, oder als ganzt Wierk soll vun de Biergerinnen a Bierger verworf ginn.”

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen