Sträit ëm Aarbechtszäit Regierung proposéiert Kompromëss

Mat engem Kompromëssvirschlag wëll d'Regierung elo de Sträit iwwer d'Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit bäileeën. "D'Propose fir eng Reform vum PAN-Gesetz ass esou gutt ewéi prett", sot eis den Aarbechtsminister op Nofro hinn. Den Nicolas Schmit gesäit Patronat a Gewerkschaften de Méindeg 21. Mäerz fir iwwert den Text ze verhandelen. Wat hien de Sozialpartner da proposéiert, wollt de Minister op Nofro hinn net präziséieren. Hie wéilt elo net opginn a géif op eng serieux Verhandlung hoffen.

Pia Oppel

20150618-nicolas-schmit--1024x629.jpg
Nicolas Schmit

Net mat Optimismus, mee mat Realismus, géif hien an déi Reunioun goen, sou de Minister am 100,7-Interview. Bei enger Tripartite-Reunioun virun engem Mount konnte fundamental Oneenegkeeten tëschent de Sozialpartner net aus dem Wee geraumt ginn. Dat virun allem bei der Aarbechtszäitverkierzung an der Verlängerung vun der Referenzperiod (den Zäitraum bannent deem méi flexibel Aarbechtszäiten net direkt als Iwwerstonnen ugesi ginn). D'Pan-Gesetz vun 1999 huet Referenzperioden vun engem Mount agefouert. D'Patronat hätt gäer, datt dës Period op bis zu véier Méint verlängert gëtt.

Kloer wier, datt et net zu enger allgemenger Verkierzung vun der Aarbechtszäit kéint kommen. Den Nicolas Schmit ass géint eng gesetzlech festgeluechte sechst Congéswoch, esou wéi den OGBL se fuerdert. Wann iwwer eng Flexibiliséierung vun der Aarbecht geschwat gëtt, misst een dat zesumme mat enger Aarbechtszäitverkierzung gesinn. Mee dat misst respektiv am spezifesche Kontext gekuckt ginn, an net am allgemengen Aarbechtsrecht.

"Jiddferee muss hei capabel sinn, sech ze beweegen"

D'Ausso vum UEL-Generaldirekter Jean-Jacques Rommes (viru Wochen hei op der Antenn), datt eng Hausse vun de Congésdeeg just iwwer seng Läich géif agefouert ginn, huet den Nicolas Schmit och kritiséiert. "D'Läichen léist een entweder am Keller, am Schaf oder am Beschten huet ee keng. Mir sinn net hei an engem Krich, wou et Läiche gëtt. Jiddferee muss hei capabel sinn, sech ze beweegen."

Wat geschitt, wann et ee Méindeg op en Neits kee Konsens sollt ginn? "Let's cross that bridge when we come to it", äntwert demn LSAP-Minister. Hie géif sech fir ee Konsens asetzen. An da misst ee kucken, wéi et weider geet.

Méi zum Thema

roeltgen.jpg
Riicht Eraus

Den OGBL-President, André Roeltgen, ass net iwwerrascht iwwer d'Resultater vun de rezente Sondagen. D'LSAP misst iwwer hir sozialpolitesch Ausriichtung nodenken. 

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen