Regierung fuerdert verbindlecht Ziel fir erneierbar Energien an der EU no 2030

D’Lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt d’Fuerderung vun 8 aneren EU-Memberstaten, dass an der Europäescher Unioun och no 2020 verbindlech Zieler fir d’Sueddeutsche Zeitung de 15. Januar geschriwwen hat, stellt besonnesch de Kommissiounspresident José Manuel Barroso déi verbindlech Zieler an de Beräicher erneierbar Energien an Energieeffizienz a Fro. “Ouni des Zieler ka keng ambitiéis Klimapolitik ëmgesat ginn”, sou de grénge Staatssekretär fir Nohaltegkeet an Infrastrukturen.

De Camille Gira wollt op der anerer Säit keng präzis Fuerderung formuléieren, wat dat iwwergräifend EU-Klima-Ziel fir 2030 ugeet: "Puer Prozent erop oder erof hëllefen eis net, wann hannendrun net de politesche Wëllen ass." Och op e nationalt Klimaziel fir 2030 wollt de Camille Gira sech nach net festleeën.

D’EU-Kommissioun leet den 22. Januar hier Propose zur Energie- a Klimapolitik fir. D’Europaparlament fuerdert 3 verbindlech Zieler fir 2030: op d'mannst 30 Prozent erneierbar Energien, grad wéi (am Verglach zu 1990) 40 Prozent CO2-Emissiounsreduktiounen, a 40 Prozent méi Energieeffifzienz.

 

Lauschtert de Bäitraag vum Pia Oppel:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen