Fräie Mikro Eng Reform vum Tutellen- a Curatellë-Gesetz ass iwwerfälleg

D'Tutellen- a Curatellë-Gesetz gouf fir d'lescht hei zu Lëtzebuerg am Joer 1982 ugepasst - dat si bal 40 Joer hier. Dat ass eng laang Zäit, an et huet sech ganz vill an eiser Gesellschaft geännert. Eng Reform ass iwwerfälleg, fënnt den Andrea di Ronco vun Info-Handicap am Fräie Mikro.

Meenung Andrea Di Ronco 2
Den Andrea di Ronco schafft bei Info-Handicap. Foto: Archiv

An eisen Nopeschlänner ass déi "Upassung" rezent geschitt: an der Belsch am Joer 2014 an a Frankräich am Joer 2019.

E klenge Rappell: Eng Curatelle ass eng liicht Schutzmoossnam, déi vun engem Riichter ordonéiert gëtt a fir Leit geduecht ass, déi duerch hir Krankheet oder hiren Handicap net fäeg sinn, gewësse finanziell Aspekter vun hirem Liewe selwer ze meeschteren, an dofir eng Ënnerstëtzung zougesprach kréien.

UN-Konventioun gouf 2011 ratifizéiert

D'Tutelle ass eng méi staark Schutzmoossnam, wou finanziell Entscheedunge ganz vun enger Zweetpersoun iwwerholl gi.

Zesummegefaasst: an der Curatelle assistéiert de Curateur d'Persoun an an der Tutelle representéiert den Tuteur d'Persoun.

Zenter Lëtzebuerg d'UN-Konventioun fir Mënsche mat enger Behënnerung 2011 ratifizéiert huet, ass déi Upassung vun deem Gesetz nach méi dringend an noutwenneg ginn. Dat, well verschidden Artikele vun der Konventioun net méi mat eisem Gesetz vereenbar sinn. Dat sinn déi automatesch Ausschléisse vum Walrecht vu Leit déi ënner Tutelle stinn an Tatsaach datt een, wann een ënner Tutelle steet, keen Testament ka maachen.

An där UN-Konventioun steet och, datt d'Regierungen alles solle maache fir de Leit mat enger Behënnerung ze erméiglechen, um politeschen a gesellschaftleche Liewen deelzehuelen. Dorënner falen och konkret Mesuren an Hëllefsstellung, déi et hinne soll erlabe vun hire Rechter Gebrauch ze maachen.

Tutellë missten ofgeschaaft ginn

Wichteg ass och de Prinzip vun der Proportionalitéit vun de Mesuren, déi zum Schutz vun der Persoun mat enger Behënnerung geholl kënne ginn, souwéi hiert Recht op Selbstbestëmmung.

Wat kéint een also verbesseren?

Tutellë missten ofgeschaaft ginn an, ebe wéi virdrun erwäänt, duerch proportionell Mesuren, dat heescht, duerch e System vu gestaffelte Curatellen ersat ginn, déi op de Besoine vun de betraffene Leit ugepasst sinn. Et misst ee just déi allernéidegst Aschränkunge virgesinn. Dobäi misst och automatesch an a reegelméissegen Ofstänn d'Situatioun evaluéiert an ugepasst ginn.

Curateure misste reegelméisseg Formatioune maachen. Hir Roll soll sinn, déi betraffe Leit geziilt ze ënnerstëtze fir datt si, fir sech, déi beschten Entscheedunge kënnen treffen. D'Konditioune fir Curateur ze gi misste kloer definéiert ginn, an et misst eng gewëssen Disponibilitéit vum Curateur assuréiert sinn.

Et soll ee säi Curateur am Viraus kënne selwer eraussichen

Wichteg wier dann och d'Aféiere vun engem "mandat de protection future", deen et jidderengem vun eis géif erméiglechen, am Viraus festzeleeën vu wéi enge Leit ee sech géif wënschen "vertrueden" ze ginn, am Fall wou ee selwer dat net méi kann. Et kënnt een och doranner festhalen, wat fir eng Saachen ee fir wichteg hält a wat fir Saachen een net well.

Familljememberen, déi Curateur si missten d'Méiglechkeet kréien sech kënnen un eng Informatioun- a Berodungsstell ze wenden, wa se Froen hunn.

All dës Iwwerleeunge si vun Associatiounen aus der Zivilgesellschaft, déi an deem Beräich täteg sinn, schonns 2016 dem deemolege Justizminister, Felix Braz, an nach eng Kéier 2019 der aktueller Justizministesch, Sam Tanson, ënnerbreet gi. Se sinn net op daf Ouere gestouss, am Géigendeel. Eng méiglech Zesummenaarbecht ass esouguer an Aussicht gestallt gi.

Am leschten Nationalen Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun der UN-Konventioun fir Mënsche mat enger Behënnerung hat de Justizministère eng Rei begréissenswäert Engagementer geholl, déi bis spéitstens Enn 2020 ëmgesat sollte ginn. Trotzdeem ass bis haut, September 2021, näischt geschitt.

D'Fro ass erlaabt ob do en reelle politesche Wëlle besteet fir virunzekommen. A leider gëtt et och keen Zwang, Saachen, déi een annoncéiert huet, och ëmzesetzen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Chambersplénière
Chamberdebatt

Den Zougang zu Sportsinfrastrukture fir Mënsche mat enger Behënnerung bleift schwiereg, a mannerbemëttelt Stéit misste finanziell gehollef kréien. Dat waren zwou Conclusioune wärend enger Chamberdebatt iwwer d'Inclusioun vun alle Bierger duerch de Sport.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen