Reform vum Unisgesetz: Méi Demokratie an Transparenz?
D’Chamberkommissioun fir Héichschoul, Recherche, Medien a Kommunikatioun beschäftegt sech no enger laanger Paus wéint de Wahlen elo nees mat der Reform vum Universitéitsgesetz. De Gesetzprojet bidd fir déi nei Regierung eng Geleeënheet hiert Versprieche vu méi Transparenz an engem demokrateschen Neiufank an engem konkrete Fall ëmzesetzen. Dat mengt d’Pia Oppel am Kommentar:
Den Text vum Kommentar:
Am Koalitiounsaccord vun der blo-rout-grénger Regierung steet, dass de Gesetzesprojet iwwert d’Reform vun der Universitéit nach emol “réexaminéiert” soll ginn, am Liicht vun den Zieler, déi d’Regierung sech an hierem Programm gëtt.
Rieds geet am Kapitel iwwert d’Recherche an d’Innovatioun vun engem méi demokrateschen a besser strukturéierten Debat iwwert d’Ausriichtung vun der Recherche zu Lëtzebuerg. An net ze vergiessen ass dat ganzt éischt Kapitel vum Regierungsprogramm dem Thema vun der Transparenz an dem demokrateschen Opbroch dediéiert.
Genau dat bréicht d’Uni: hier Strukturen erlaben den Ament net, fir eng transparent Meenungsbildung z’organiséieren, heescht et am zweeten externen Evaluatiounsrapport, deen am Mäerz zejoert publizéiert gouf.
Fir just e Beispill ze nennen: de Conseil Universitaire huet dem Rapport no am Fong näischt ze soen. Dat obwuel dëst Gremium, an deem dat wëssenschaftlecht grad wéi dat administrativt Personal an d’Studente vertruede sinn, misst nieft dem Conseil de Gouvernance ee Pillier vun der Uni sinn, wou mat iwwert d’Strategie an de Fonctionnement decidéiert gëtt.
Dem amendéierte Gesetzprojet no, soll de Recteur net méi automatesch President vum Conseil Universitaire sinn, mee dëse Conseil soll en eegene President wielen. Dat ass begréissenswäert. Lo stellt sech d’Fro op déi nei Majoritéit op deem Wee bleift, an op de Conseil Universitaire a senge Kompetenze par rapport zur eigentlecher Exekutiv, dem Conseil de Gouvernance, eventuell nach opgewäert gëtt.
An et gëtt nach Verbesserungspotential: wéi steet et ëm d’Rechter vun der Personaldelegatioun, déi sech an de leschte Méint ëmmer nees beschwéiert huet, keen Accès zu wichtegen Donnéeën ze kréien, am Kader vun de Verhandlungen iwwert e Kollektivvertrag?
A wéi wier et, wann de “Recteur sortant” an Zukunft net méi dierft Member si vun der Findungskommissioun vu sengem eegene Successeur?
Fir de nächste Wiessel un der Spëtzt vun der Universitéit ass et dofir schonn ze spéit: De Rolf Tarrach, deem säi Mandat Enn des Joers ofleeft, huet selwer mat decidéiert, wéi eng dräi Kandidate fir seng Successioun elo op eng "Shortlist" gesat goufen.