Reform vum Kënschtler-Statut

Bei de Subside fir Kënschtler wëll d’Regierung net spueren: fir Artisten a sougenannt "Intermittants du spectacle" solle – och no der Reform vum entspriechende Gesetz – ongeféier 1,6 Milliounen Euro d’Joer zur Verfügung stoen, sou d’Kulturministesch Maggy Nagel. Nach virun der Summerpaus hat d’Regierung am ganzen 19 Ännerungen um Reformprojet vun der fiirëchter Regierung ugeholl. Ënnert anerem soll de Statut vum Kënschtler ofgeschaf gi – eng Fuerderung déi aus dem Secteur selwer kënnt, sou d’Maggy Nagel.

Fir Usproch op staatlech Aiden ze hunn, musse Kënschtler oder "Intermittants duSpectacle"opmannst 6 Méint hei am Land sozialverséchert sinn. Well een aus juristesche Grënn net op de Wee vun enger Residenzklausel konnt goen, muss een amplaz säin Engagement an der Lëtzebuerger Kënschtler- a Kulturszene ënner beweis stellen. Wien no zwee Joer nach emol fir Aiden freet, soll noweisen, datt seng artistesch Aktivitéit sech entwéckelt hätt. Am Projet vun der CSV-Kulturministesch Octavie Modert war nach virgesinn, datt de Kënschtler misst 10 Prozent méi mat senger Aktivitéit verdéngen, fir weider Aiden ze kréien. D’Theaterfederatioun, d’Associatioun vun de Realisateuren a Scénaristen, d’Unioun vun der Audiovisueller Produktioun, an d’Associatioun vun den Techniker am Audiovisuelle Beräich hunn des Mesure an hire – net ëffentlechen Avise – schaarf kritiséiert, heescht et als Begrënnung am amendéierte Gesetzprojet.

Den Interview vum Pia Oppel mat der Kulturministesch Maggy Nagel:

 

D’CSV-Députéiert Octavie Modert bedauert, datt d’Regierung de Statut vum Kënschtler wëll ofschafen. Déi fréier Kulturministesch gesäit zwar an, datt de Statut oder den Titel vum "Artist" symbolesch ass. Sie kritiséiert awer, datt “Kënschtler” net méi als Professioun soll ugesi ginn.

D’Octavie Modert kritiséiert dann och, datt de Plafong bei der "Commande Publique" soll reduzéiert ginn. D'Kulturministesch Maggy Nagel wëll de Plafong fir d'Depensë fir Konschtwierker bei ëffentleche Bauprojete vun 800.000 op 500.000 Euro erofsetzen.

D’fréier Kulturministesch nennt de neie Gesetzprojet iwwert d’sozial Mesurë fir Kënschtler "konservativ". All d’Innovatiounen, déi si nach geplangt hat fir de Kënschtler entgéintzekommen, wieren erausgeholl ginn.

Den Interview vum François Aulner mat der Octavie Modert:

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen