Reform Kënschtlerstatut ugeholl
D’Chamber huet haut mat Ausnam vun déi Lénk fir d’Reform vum Kënschtlerstatut gestemmt. Bei dëser Reform huet d’Kulturministesch Maggy Nagel mat 19 Amendementer, Kritike vum Staatsrot a vu Kënschtler-Associatioune Rechnung gedro. Dës haten dem Gesetzesprojet vun der fréierer Kulturministesch Octavie Modert virgehäit ze restriktiv ze sinn.
Mam neie Gesetz sollen d’Kënschtler an d’sougenannt intermittants du spectacle an Zukunft op eng vereinfacht Aart a Weis eng sozial Hëllef accordéiert kréien.
De Bäitrag vum Carole Schimmer: