Referendum "D'Froe goufen hannert zouenen Dieren zesummegebastelt..."

De Lars Schmitz an de Luca Andreolli vum Kënschtlerkollektiv Richtung22 weise sech enttäuscht vum Verlaf vun der Referendumscampagne. Richtung22 huet d’Debatt mat engem Film a mat der Facebook-Säit “Villverspriechend Volléksvirbereedung” satiresch begleed. 

20150607-richtung22-DSCF4970.jpg

De Lars Schmitz huet d’Approche vun der blo-rout-grénger Koalitioun als eng Provokatioun bezeechent. D’Regierung hätt eleng décidéiert, wéi eng Froen am Referendum gestallt ginn, a sech dann erwaart, datt d’Zivilgesellschaft d’Campagne iwwerhëlt. Déi dräi Froe wieren hannert zouenen Dieren "zesummegebastelt ginn", sou de Luca Andreolli. Schonn eleng d’Formulatioun vun de Froen, hätt derzou gefouert, dass d’Land extrem gespléckt war. Amplaz vum Choix tëscht "Jo" a "Neen" hätt ee verschidde Virschléi kënnen zur Wahl stellen, fir d’Problemer wéi zum Beispill den Demokratiedefizit ze léisen.

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Jean-Claude Franck
Lauschteren

Méi zum Thema

constitution 1868.jpg Dossier
1868-2018

D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen