Referendum Hëtzegen Débat
Um Dag nom Referendum diskutéieren de Claude Wiseler (CSV), den Alex Bodry (LSAP), de Gast Gybérien (ADR) an de Serge Urbany (déi Lénk) iwwert Uersaachen an Konsequezen vum Walresultat.

Nom kloren 3-fache “Nee” beim Verfassungsreferendum gëschter, huet de CSV Fraktiounschef Claude Wiseler de Moien hei op der Antennen, genee wéi de CSV President Marc Spautz gëschter schonn, widderholl, datt an den Ae vun der CSV d’Regierung misst Konsequenzen aus dem Resultat vum Referendum zeien. Tëscht lëtzebuerger an auslännesche Communautéite wier nämlech eng Tensioun entstan, déi net ze verkenne wier, an dofir wier d’Regierung responsabel. Eng eege Responsabilitéit huet de CSV-Fraktiounschef net agesinn.
Den ADR Députéierte Gast Giberyen huet widderholl, datt seng Partei och der Meenung ass, datt nom “Debakel” d’Regierung misst zerécktrieden. De LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry huet sengersäits, all dës Fuerderungen als “net serieux” zeréckgewisen.
D'Mick Entringer huet d'Diskussioun moderéiert.