Referendum Ee Vote géint d'Regierung?

De Politikwëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg Raphaël Kies an de Laurent Schmit vun der Zäitschrëft Forum soten sech allebéid erstaunt wéi däitlecht de “Neen” am Referendum ausgefall ass.

20150607-Kies-L1007255.jpg

De Referendum war ee Vote géint d’Regierung, mengt de Politikwëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg Raphaël Kies. Hien schwätzt vun engem “vote sanction”: “Imaginons que ce soit Jean-Claude Juncker qui ait conduit cette campagne avec exactement les mêmes arguments, peut-être le résultat ne serait pas exactement le même.”

De Raphaël Kies mengt net, datt de Verlaf vun der Referendumscampagne eleng kéint d’Resultat erklären. Mee wann een déi vun der Uni Lëtzebuerg proposéiert Biergerforumen organiséiert hätt, wier d’Diskussioun eventuell anescht verlaf. D’Uni ass am Gaang d’Resultat vum Referendum ze analyséieren a wëll dozou eng Etude publizéieren.

De Laurent Schmit ass sech net sécher, ob ee ka vun engem "Vote sanction" schwätzen. Hien mengt awer: “Wann een enger Regierung net vertraut, ass et och schwéier vun hir iwwerzeegt ze ginn.” D’Informatiounsowenter hätten net gezunn. D’Bierger hätten sech eng eege Meenung gemaach, an anescht ofgestëmmt, wéi Gewerkschaften, déi kathoulesch Kierch, Auslännerorganisatiounen an d’Majoritéitsparteien dat recommandéiert hunn. 

D’Referendumscampagne wier kloer net gutt gelaf, an d’Vertrieder vun de Majoritéitsparteien hätten sech zréck gehal, an hir Militanten sech manner mobiliséiert wéi bei Chamberwahlen. 2017 beim verbindleche Referendum iwwer déi ganz Verfassungsreform misst een d’Campagne anescht organiséieren, an aus de Fehler vun dëser Kéier léieren.

Méi zum Thema

constitution 1868.jpg Dossier
1868-2018

D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen