Réckbléck 2016 Den islamisteschen Terrorismus a seng Konsequenzen

Am Fréijoer Bréissel, um franséischen Nationalfeierdag Nice, kuerz viru Chrëschtdag Berlin, an ëmmer nees an der Tierkei. Och 2016 hunn terroristesch Attacke fir an Angscht an Trauer an Europa gesuergt. Wéi eng Auswierkungen hat den Terrorismus um Kontinent, besonnesch och op Lëtzebuerg?

Maxi Pesch, md

Trauer zu Nice
Trauer zu Nice op der Promenade des Anglais (Foto: picture alliance/Andreas Gebert)

D’Strategie vu geziilten Attacken duerch terroristesch Kommandoen huet d’Organisatioun “Islamesche Staat” bäibehalen. Mee dëst Joer waren et virun allem Eenzeltäter, déi sech hiert eegent liewen an nach villen aneren hiert geholl hunn. Knapp ee Joer no den Attentater op Charlie Hebdo an engem jüddesche Supermarché, a kuerz nom Massaker am Bataclan an anere Plazen zu Paräis huet sech am Januar 2016 ee Kamikaze-Attentäter am historeschen Zentrum vun Istanbul an d’Luucht gesprengt. Zwielef Leit si gestuerwen.

Den 22. Mäerz hunn islamistesch Terroristen zwou Bommen um Bréisseler Fluchhafen an nach eng am Metro explodéiere gelooss. 31 Mënsche koumen ëm d’Liewen, 260 goufen der blesséiert. Déi terroristesch Attacken zu Bréissel wiere feig, sot de Belsche Kinnek Philippe an enger kuerzer Usproch. Hien huet d’Natioun dozou opgeruff, op d’Bedreeung mat Determinatioun, Rou an Dignitéit z'äntweren.

Istanbul, Nice, Däitschland

Mëtt des Joers si 44 Leit bei enger Attack um Fluchhafe vun Istanbul gestuerwen, méi wei 230 sinn der hei blesséiert ginn. De 14. Juli um franséischen Nationalfeierdag war Europa openeits am Viséier vun Terroristen. Zu Nice zitt en islamisteschen Attentäter mat engem Camion eng Bluttspur op der Promenade des anglais. 86 Mënsche stierwen, 200 ginn der blesséiert. “Et ass schwéier fir Wierder ze fannen”, sou eng éischt Reaktioun vum Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel.

Eng Woch drop steet Däitschland am Mëttelpunkt. Dat direkt op verschiddene Plazen. Am Juli sprengt sech e Syrer an der Entrée vun engem Museksfestival an d’Luucht. Zu Würzburg geet en Afghan mat Aaxt a Messer an engem Regionalzuch op d’Passagéier lass. A kuerz viru Chrëschtdag rennt zu Berlin e Camion an e Chrëschtmaart. Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel sot deemools: “Ech weess, datt et besonnesch schwéier z’erdroe wier, wann se géif confirméieren, datt e Mënsch déi Dot begaangen hätt, deen an Däitschland ëm Schutz an Asyl gefrot huet.”

Rietsnationaliste gestäerkt

Duerch déi terroristesch Attacken ännert dat politesch Klima an Europa. Angscht a Frustratioun loosse rietsnational Parteien opbléien. An Däitschland feiert d’AFD elektoral Succèsen, a Frankräich de Front national, an an Éisträich huet de Kandidat vun der FPÖ, Norbert Hofer, d’Presidentewahlen nëmme knapp verluer. Am Dezember warnt de Jean Asselborn virun der Gefor vum Populismus. “Et muss een Europa-kritesch sinn, selbstverständlech. Mee awer wat d’Wäerter ugeet, däerf een net sou Leit, déi riets-extrem, um populistesche Bord sinn, d’Feld iwwerloossen.”

Och d’Populatioun mécht sech Gedanken. Schonn am Ufank vum Joer waren d’Attentater en Thema op der Vakanze-Foire an der Luxexpo. De Choix vun de Destinatiounen huet sech fir verschidde Leit geännert. Tierkei, Egypten, Tunesien… géifen se bis op Weideres vermeiden, sote verschidde Visiteuren.

Definitioun vum Ausnamezoustand zu Lëtzebuerg erweidert

D’Sécherheetsmesurë waren 2016 dann och en Thema an der Lëtzebuerger Politik. An der Suite vun den Attentater a Frankräich hat déi blo-rout-gréng Koalitioun am Januar proposéiert, fir den Ausnamezoustand an der Verfassung op national Krisen z’erweideren. Bis dohi konnt den “état d’urgence” nëmmen am Fall vun internationale Krisen ausgeruff ginn. Trotz der Skepsis, dorënner vum Staatsrot, ass d’Regierung och am September nach vun der Iddi iwwerzeegt. De LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, Rapporter vun dëser Verfassungsännerung sot: “Bis elo hu mer vum ‘ordre public’ geschwat, ass awer méi e vaste Begrëff ewéi ‘sécurité publique’”. Deen zweete Begrëff wier méi restriktiv. Déi terroristesch Menace kéint hei als ‘atteinte grave à la sécurité publique’ spillen, mee et misst schonn eppes geschitt sinn. “Wann dann nach e weidere ‘péril’ besteet, da kann een op deen Artikel zeréckgräifen”, sou den Alex Bodry.

No den Attacken zu Berlin dëse Mount hunn déi Lëtzebuerger Autoritéiten decidéiert, den Niveau d'alerte 2 am nationale Sécherheetsplang "Vigilnat" bäizebehalen. Wéi bis dohin soll den Asaz vun der Police kënne punktuell verstäerkt ginn, op sensibele Plazen, wou sech vill Leit ophalen. Virun der Press huet déi Stater Buergermeeschterin erkläert, datt Betonsbléck géifen opgestallt ginn fir eventuell Gefierer ze stoppen, déi mat Vitesse kéinte Leit um Chrëschtmaart iwwerrennen. “Eng doutsécher Garantie, déi gëtt et néierens”, sot déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Militär Frankräich.jpg
Etat d'Urgence

De Staatsrot insistéiert, datt den neie Verfassungsartikel iwwer den Etat d'Urgence net fir de Fall vun Terrorismus soll gëllen. Juristen deelen déi Analys, mee d'Chamber kéint un hirem Projet festhalen.

max planck ausnamezoustand.JPG
Ausnamezoustand

Den Alex Bodry wëll déi geplangte Revisioun vum Ausnamezoustand an der Verfassung iwwerkucken, sot den LSAP-Fraktiounschef a President vun der Institutiounekommissioun en Dënschdeg op enger Table ronde.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen