Brexit "En absoluten Desaster"

An der britescher Haaptstad London wollten iwwer 60% vun de Wieler an der EU bleiwen. Ëmsou méi grouss war de Schock um Freideg de Moien, wéi d’Londoner mat der Nouvelle vum Brexit erwächt sinn.

Pierre Reyland (London) / ckl

london oxford street.jpg
Onverständnis an Ongewëssheet waren e Freideg ënnert de Londoner um Rendez-vous (©Bigstock)

Déi meescht Londoner hate gehofft, datt ee Brexit kéint evitéiert ginn. Mee, si sinn de Moien zwar nees mat besserem Wieder erwächt – gëschter um Dag vum Referendum hat et gereent – mat der Nouvelle vum Brexit huet den Dag fir vill Leit awer net gutt ugefaangen.

Et wier "en absoluten Desaster", a géif déi britesch Natioun vun hirer schlechtster Säit weisen, sou ee Mann an de Stroosse vu London. "Mir stinn als Land do, wat sech wëll isoléieren", bedauert hien. "Déi Leit, déi dat gestëmmt hunn, kréien elo wat se verdéngt hunn".

Hien ass der Meenung datt d’Immigratioun eng decisiv Roll gespillt huet, an de Fait, datt d'Labour Partei sech ni richteg motivéiert hätt, fir hir Wieler ze mobiliséieren.

Angscht virum Boris Johnson als Premier

Wéi et elo viru geet woussten der vill um Freideg de Moien zu London nach net. Een aner Londoner mécht sech Suergen, datt elo eng nach méi anti-europäesch Regierung kënnt – "mam fréiere Londoner Buergermeeschter Boris Johnson als eventuelle Premier".

E weidere Passant, ass awer de Meenung, datt et intressant géif ginn, ze observéieren, wat elo geschitt. "Ech ka verstoen, datt vill Leit schockéiert sinn", seet hien, mee ass optimistesch: "D'EU a Groussbritannien hunn egal wéi eng positiv Zukunft. Déi kréien dat schonn hin".

Reaktiounen aus de Strosse vu London

Méi zum Thema

london.jpg
Referendum a Groussbritannien

Zu London krut Campagne vun deenen, déi fir e Brexit sinn, am Virfeld vum Referendum wéineg Ënnerstëtzung. Déi britesch Haaptstad war an de Sondagen däitlech fir de "Remain". Dofir ginn et eng Rei Erklärungen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen