Familljeministère Indexéierung vum Kannergeld nach emol an der Diskussioun

D'Familljeministesch schléisst net aus, datt d'Indexéierung vum Kannergeld nach eemol nei evaluéiert ka ginn. Dat sot d'Corinne Cahen eis no de Reunioun vun der Chamber-Familljekommissioun den Dënschdeg de Moien. Si wëllt awer fir de Moment nach ofwaarden, ob déi nächst Indextranche wierklech nach virum Enn vun dësem Joer erfällt.

Christiane Kleer / cz

Corinne Cahen
Foto: Archiv

De Statec hat d'lescht Woch matgedeelt, datt et ëmmer méi warscheinlech géif ginn, datt déi nächst Indextranche op den 1. Oktober oder 1. November applizéiert gëtt. Wann dat geschitt géif d'Koalitioun nach eemol iwwer d'Upassung vum Kannergeld un d'Präisdeirecht beroden, sou d'Corinne Cahen. Am Prinzip ass geplangt datt een entspriechend Gesetz Ufank d'nächst Joer a Kraaft trëtt. Den CSV-Deputéierte Marc Spautz hat iwwert de Wee vun engem Gesetzes-Virschlag gefuerdert, datt d'Kannergeld retroaktiv bis d'Joer 2019 soll indexéiert ginn, fir ee Kafkraaftverloscht bei de Famillen ze verhënneren.

Méi zum Thema

Kanner déi spillen
Familljeministère

D'Familljeministerin wëllt, wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, d'Kannergeld op den 1. Januar 2022 reindexéieren. D'Gewerkschafte fuerderen, datt d'Verloschter aus de leschte Jore solle kompenséiert ginn.

Nora Back
Néideg Gesetzesännerung

Frontaliere gi weiderhi bei de proposéierten Ännerunge beim Kannergeld benoodeelegt, kritiséiert den OGBL. D'Recht op Kannergeld soll dovunner ofhänken, ob d'Eltere bei der Sécurité Sociale affiliéiert sinn.

 

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen