radio 100,7 op zweeter Frequenz

Nieft der 100,7 MHz-Frequenz héiert een den ëffentlech-rechtleche soziokulturelle Radio elo och op der Frequenz 95,9 MHz. "Mir sinn immens houfreg, fir den Awunner am Norden eng besser Receptioun vum ëffentlech-rechtleche Programm kënnen unzebidden", sou de Jean-Paul Hoffmann, Direkter vum radio 100,7."

SITE-1007_2_FREQUENZ_HP_820x456.jpg

Iwwert e Sender am Éislek gëtt d'Qualitéit am Norde besser. "Mir probéiere mat eisem Programm d'Realitéit vum Land erëmzespigelen, an duerch déi verbessert Couverture kënne mir ë. a. déi kulturell Offer am Norde vergréisseren", erkläert de Jean-Paul Hoffmann.

Nolauschterer am Auto musse sech iwwerdeems ëm näischt këmmeren: Déi meescht AF-Autosradioe wielen automatesch déi optimal Frequenz eraus.

Nieft den zwou Frequenze kann de radio 100,7 och online empfaange ginn. De Schwéierpunkt vum Programm läit op der Informatioun an der Iwwerdroung vu Kultur- a Museksemissiounen. De musikalesche Programm zeechent sech duerch seng Villsäitegkeet aus. Nieft Klassik an Jazz fënnt een och Indie-Rock, Pop, Elektronik an Heavy Metal op der Antenn erëm.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen