R. Schneider: Spideeler hu genuch Sue fir d'Upassungen un d'Fonction publique ze bezuelen
Fir de Sozialminister Romain Schneider ass de Spidolssecteur duerchaus an der Lag, de finanziellen Impakt vum rezenten Accord tëschent Regierung a Gewerkschaften ze verkraaften. D’Regierung huet sech jo engagéiert, déi verschidden Ännerungen an der Fonction publique och op d’Personal vum Spidol- respektiv de Sozial- a Fleegesecteur z’iwwerdroen.
De President vum Spidolsverband war gëschter am 100,7-Interview der Meenung, datt alleng d’Opwäertung vun de Karriäre seng budgetär Enveloppe fir di nächst zwee Joere géif sprengen.
Lauschtert de Bäitrag vum Michel Delage :