Däitschland Querdenker a Verschwörungstheoretiker

Am Wochentakt suergen d'Kritiker vun den däitsche Corona-Mesurë mat Demonstratiounen an de grousse Stied fir Opreegung. Mee mat fundéierter Kritik hunn d'Querdenker, wéi si sech nennen, scho laang näischt méi ze dinn. Zanter Méint sinn d'Veranstaltungen e Sammelbecke fir Verschwörungstheoretiker. Wéi kënnt een dogéint nach un?

Matthias Kirsch

Matthias Kirsch

Wann ee sech e Bild dovu wëllt maachen, wéi et mëttlerweil op de Querdenken-Demonstratioune vun den däitsche Corona-Kritiker viru sech geet, brauch ee just op eng Zeen vun dësem Weekend ze kucken. Bei enger Manifestatioun zu Hannover ass eng jonk Fra op d'Bün komm fir eng Ried ze halen. Mat hirem éischte Saz seet si: Si géif sech wéi d'Sophie Scholl fillen, wier jo zanter Méint am Widderstand, géif Flyere verdeelen an op Demonstratioune goen.

Hei ass also eng Persoun, déi sech mat enger Widderstandskämpferin vergläicht, déi fir hire Kampf géint den Nationalsozialismus higeriicht gouf. An et sinn Aussoen an Aktioune wéi dës, déi an de leschte Wochen an der Sprooch vun de sougenannte "Querdenker" Usus gi sinn.

Warscheinlech hätt den Optrëtt vun der jonker Fra zu Hannover ni de Wee an déi grouss Ëffentlechkeet fonnt, wier et net e Mann ginn, deen um Event als Sécherheetskraaft geschafft huet. Nodeems d'Fra sech als Widderstandskämpferin stiliséiert hat, huet hie säi Sécherheetsgilet op d'Bün geheit a gesot: Fir esou e "Schwachsinn" a fir d'Verharmlosung vum Holocaust géif hien net als Sécherheetsmann schaffen. D'Fra huet doropshin d'Bün verlooss, e Video vun der Aktioun ass viral gaangen.

De Widderstand géint de Widderstand sëtzt doheem

Mee sief et zu Hannover, zu Leipzig, zu Berlin oder zu München - queesch duerch Däitschland zéien an de leschte Méint d'Querdenker duerch d'Stied. Si gesi sech als lescht Bastioun vun der Demokratie an engem faschistesche Staat, dee seng Bierger duerch Corona-Restriktioune wëllt roueg halen. Si stiliséiere sech als Widderstand, als lescht fräi denkend Bierger.

A Géigewier wéi déi vum Sécherheetsmann zu Hannover kréie si bal néirens - ausser vun der Police, déi d'Demonstratiounen an der Reegel no enger gewësser Zäit opléist, well sech keen un Ofstandsreegelen a Maskeflicht hält. De Widderstand fënnt natierlech och dowéinst net statt, well sech d'Majoritéit vun den Däitschen eben un d'Reegelen hält; doheem ass an net an enger grousser Mënschemass géint d'Kritiker protestéiert. Datt genee doduerch natierlech d'Querdenker an hiren Iwwerzeegunge bestäerkt ginn, hëlleft natierlech net.

Wie profitéiert politesch?

Zanter Méint gëtt doriwwer diskutéiert, wéi ee mat dëse Leit soll ëmgoen. Well nieft Verschwörungstheoretiker a Rietsextremen awer och Esoteriker a Famillen ënner den Demonstrante sinn, fënnt bis elo keen eng wierklech Léisung - besonnesch d'Politik traut sech net esou richteg erun.

Dat probéiert d'AfD elo ze notzen. D'Rietspopuliste wëllen zur politescher Heemecht vun de Querdenker ginn. Si si géint d'Maskeflicht am Bundestag, invitéiere Corona-Kritiker an d'Parlament an hale sech selwer net un d'Reegelen. An och wa sech vereenzelt Querdenker vun der AfD distanzéieren, fir d'AfD kommen d'Corona-Kritiker genee zum richtege Moment. Ee Joer virun der Bundestagswal huet d'Corona-Pandemie nämlech offensichtlech gemaach, wéi wéineg d'AfD an der aktiver Politik bäizedroen huet.

No der Wal 2017 ass dovu geschwat ginn, datt mat der AfD d'Rietsradikal nees am däitsche Parlament sinn. Gutt méiglech, datt et d'nächst Joer dann d'Verschwörungstheoretiker sinn.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Berlin
Däitschland

E Méindeg geet de Berliner Mietendeckel an seng zweet Phas: vun do u si Loyeren, déi iwwer engem gewësse Grenzwäert leien, verbueden. D'Gesetz muss awer nach sëlleg Hürden huelen.

Aldina Ganeto
Logement

Mieterschutz Lëtzebuerg, sozial Vereenegungen, den OGBL, d'ASTI an de CLAE fuerdere méi politesch Decisioune fir bezuelbare Wunnraum ze schafen. D'Spekulatioun op Immobilië géifen d'Präisser an d'Luucht dreiwen.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen