Trotz Avis vum Staatsrot Psychotherapië gi vum 1. Februar u rembourséiert

De Remboursement vun der Psychotherapie trëtt wéi ugekënnegt den 1. Februar a Kraaft. Dat huet de Sozialminister Claude Haagen dem Radio 100,7 op Nofro hin confirméiert. Do ännert och den Avis vum Staatsrot näischt drun.

Maurice Molitor / cbi

Therapie
Foto: Bigstock / Iryna Imago

Den Avis vum Staatsrot hat op eventuell verfassungsrechtlech Problemer higewisen, déi am Fall vun engem Prozess kéinten entstoen.

Deene Bedenke wëllt de Sozialminister och Rechnung droen:

"Mir wäerte souwisou de Code vun der Sécurité sociale an deem Sënn adaptéieren, datt mer deem Rechnung droen, wat de Staatsrot montéiert huet, fir an Zukunft och esou Vläicht-Problemer aus de Féiss ze goen."

D'Reaktioun vum Claude Haagen lauschteren

E Problem géif eréischt entstoen, wann déi Decisioun juristesch kontestéiert gëtt, seet de Claude Haagen. "Et ass dann un de Juristen, fir dat ze determinéieren"; esou de Sozialminister.

"Ech vertrauen och dem Avis vum Staatsrot, datt een dorop soll oppassen. Dofir wäerte mir jo och eng Ëmännerung vum Code vun der Sécurité sociale maachen. Mee ech mengen, wat d'Leit dobaussen interesséiert, wat d'Assuréen intresséiert, awer och d'Prestatairen, dat ass, datt de Remboursement kann a Kraaft trieden. A wéi gesot, dat wäert vum 1. Februar un de Fall sinn."

Méi zum Thema

Catherine Richard
Remboursement vu Psychotherapien

D'Fapsylux weist sech gréisstendeels zefridden doriwwer, datt d'Gesondheetskeess deemnächst Psychotherapië rembourséiert. D'Manéier, wéi et dozou komm ass, huet hinnen awer net gefall.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen