Corona-Pandemie Psychiater: Fokus op d'mental Gesondheet ass ze begréissen

De psycheschen Impakt vu Corona wier ganz staark, esou den Dokter Paul Hédo. Bei jonke Leit géif ee méi Iessstéierunge gesinn, a besonnesch eeler Leit hätte mat méi Suizid-Gedanken ze kämpfen.

Maurice Molitor (Interview) / Tessy Troes (Web)

Paul Hedo
Den Dokter Paul Hédo ass Chef vun der Erwuessenen-Psychiatrie am CHL a President vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychiatrie

"Datt d'Santé mentale elo am Fokus ass, ass sécher net schlecht", sot den Dokter Paul Hédo.

Jonker an Aler leide besonnesch ënner Corona

Den Dokter Paul Hédo begréisst an deem Sënn d'Ausso vum Premier, dee virun aacht Deeg sot, nieft der Verbreedung vum Virus wier déi psychesch Belaaschtung vun de Leit och en Element, dat ee misst am A halen.

Et kéim een net laanscht d'Feststellung, datt de psycheschen Impakt vu Corona op verschidde Leit ganz staark wier:

"Mir hunn elo déi lescht Méint gesinn, datt mer bei eis an den Urgencen ongeféier zéng Prozent méi Patienten haten, déi wéinst Angschtproblemer komm sinn. (...) Déi Jonk si vill impaktéiert, d'Kolleegen aus der Jugend-Psychiatrie hunn observéiert, datt et der do méi ginn, déi Iess-Stéierungen hunn. Bei de Kanner schéngt et e bësse méi nuancéiert ze sinn. Do schéngt éischter de Corona bei allgemeng Problemer bäizekommen, déi si souwisou schonn hunn."

Besonnesch am Dezember hätt een et mat iwwerduerchschnëttlech villen eelere Leit ze di gehat, déi Selbstmordgedanken haten oder souguer Suicide-Versich gemaach hätten, sot de Psychiater Paul Hédo.

Suiciden a Krisenzäiten

All Kris, déi schro ekonomesch Repercussiounen huet, féiert dozou, datt d'Suicide-Zuelen eropginn. Och wann déi lescht offiziell Zuelen nach keng méi héich Zuel vu Selbstmorde géifen ausweisen, misst ee wuel dovun ausgoen, datt dat nach ännert.

De Chef vun der Erwuessenen-Psychiatrie am CHL betount, datt Leit, déi an de Chômage falen a sech an hirer Existenz bedrot fillen, besonnesch ufälleg fir Suicide-Gedanke wieren. Dat hätt ee scho bei der Spuenescher Gripp um Ufank vum 20. Joerhonnert gesinn, beim SARS-Virus 2003 zu Hongkong oder der Bankekris 2008:

"Ech mengen, datt een der Regierung et net ka falsch maachen, wa se seet 'Du muss och ekonomesch Consideratiounen hunn, déi hunn och en Impakt op d'Santé mentale!' (...) Wann d'ekonomesch Situatioun schlecht ass, da geet de Suicide - net aner psychesch Krankheeten, mee de Suicide - dee geet dann an d'Luucht, dat weess een."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Covid-Test
Käschten an Notze vum groussflächegen Testen

D'Capacitéite vum Large-Scale-Testing ginn, anescht wéi am Dezember an Aussiicht gestallt, net méi weider eropgesat. Eng Evaluatioun vu Käschten an Notzen hätt erginn, datt sech dat net lount, heescht et dozou aus der Santé.

Dokteren
Associatioun vun den Medeziner "en voie de spécialisation"

E MEV ass e Medezinner mat Basisformatioun, deen eng spezialiséiert Formatioun mécht a schonn um Terrain schafft. Fir op dës speziell Situatioun hinzeweise gouf elo eng Associatioun gegrënnt: d'ALMEVS.

Claude Meisch Riicht Eraus
Riicht Eraus

Vun e Méindeg u geet et erëm an d'Schoul: de Claude Meisch mécht de Point iwwer d'unhalend Erausfuerderunge vun der Pandemie, entschëllegt sech awer och fir de verpassten Debat iwwer d'Direktiounsposten.

Matthias Kirsch Kommentar
Restriktioune vs Lockerungen

Souwuel Lëtzebuerg wéi och Däitschland hunn des Woch un hire Corona-Mesuren gedréit. Allerdéngs an zwou verschidde Richtungen. Dat ass verwonnerlech, fënnt de Matthias Kirsch an engem Kommentar.

Net verpassen

  • 16.10. Riicht eraus - Bleift d'Kierch am Duerf?

    Riicht Eraus_Beift Kierch am Duerf 2.jpg

    Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen nach gebraucht ginn? Et diskutéieren d'Architektin Sala Makumbundu, de Kierchenexpert A. Langini, de G. Kieffer vum Bistum, an den R. Mangen, Schäffen Déifferdeng.

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen