Justiz Prozess Lutgen: Parquet freet Geldstrof

Um drëtten a leschte Dag vum Prozess géint de Maître André Lutgen huet de Vertrieder vum Parquet haut eng Geldstrof vun 2.000 Euro fir den Affekot gefrot. Fir de Procureur Georges Oswald ass kloer, datt den André Lutgen den Untersuchungsriichter Filipe Rodriguez intimidéiert a beleidegt huet.

Christiane KIeer / cz

Justiz
Foto: Bigstoch / N.Forenza

Den Affekot hätt a sengem Mail un d'Ministeren an d'Procureure générale d'Etat dem Untersuchungsriichter säi Professionnalismus a Fro gestallt, an dat ënner anerem virun deem senger indirekter Autoritéit, dem deemolege Justizminister Felix Braz. D'Meenungsfräiheet vum Affekot wier net illimitéiert huet de Georges Oswald haut betount an den André Lutgen hätt missten dovun ausgoen, datt den Untersuchungsriichter séier vum Mail un d'Ministere gewuer gëtt. D'Defense huet um Schluss vun der Seance gesot, et géif ee "bei der geréngster Amende" an Appell goen. D'Urteel ass fir den 23. Dezember virgesinn.

Méi zum Thema

André Lutgen (Zweete vu lénks ), François Prum (Drëtte vu lénks)
Justiz

Huet den Affekot André Lutgen den Untersuchungsriichter Filipe Rodrigues viru gutt zwee Joer ënner Drock gesat? Ëm déi Fro goung et de Moien um Stater Geriicht, wou all Concernéiert an der zweeter Oplo vum Prozess virum neie Riichter Marc Thill zesummekomm sinn.

André Lutgen (Zweete vu lénks ), François Prum (Drëtte vu lénks)
PROZESS

De Riichter Stéphane Maas zitt sech aus dem Prozess géint den Affekot André Lutgen wéinst Outrage an Intimidatioun vun engem Magistrat zeréck. Dat deelt de President vum Stater Bezierksgeriicht an engem Communiqué mat.

André Lutgen (Zweete vu lénks ), François Prum (Drëtte vu lénks)
Prozess

D'Opreegung war grouss den Donneschdeg an der Cité judiciaire. Dat wéinst dem Prozess géint den Affekot André Lutgen wéinst Outrage an Intimidatioun vun engem Magistrat.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen