Spidolswiesen Projet vum neie Gebai vum CHL gouf virgestallt

2028 soll dat neit Gebai vum CHL ageweit ginn, wou akutmedezinesch Aktivitéite regroupéiert wäerte ginn. Ënner anerem sollen 18 Operatiounssäll entstoen. De Käschtepunkt läit bei 821 Milliounen Euro.

Paule Rodesch / cbi

Presentatioun CHL

Lauschteren


Eng modern, fortschrëttlech Clinique, an där d'Wuelbefanne vun de Patienten am Mëttelpunkt soll stoen, sou huet den Dokter Romain Nati, Direkter vum CHL de Projet beschriwwen, mat deem dat alt Gebai vum CHL-Zentrum, dat ëmmerhi schonn iwwer 45 Joer um Bockel huet, soll ersat ginn.

12 Stäck wäert dat neit Spidol spéider zielen, dovun dräi ënnerierdesch, mat enger Surface vu knapp 54.000 Meter Carré. Dora wäerten all déi akutmedezinesch Aktivitéite regroupéiert ginn, déi den Ament op den aktuellen Zenter, de CHL zu Eech an den Häerzzenter verdeelt sinn.

Synergië verbesseren

Geplangt ass eng Capacitéit fir 474 Better, dovunner zwee Drëttel Kummere mat engem Eenzelbett, erkläert de Romain Nati. Esou wéilt een d'Synergië verbesseren, sou datt een eng gréisser Flexibilitéit an eng optimal Auslaaschtung vun den Operatiounssäll assuréiere kéint.

D'Urgence wäert par Rapport zu haut däitlech ausgebaut ginn, geplangt ass eng Capacitéit vun iwwer 300 Patienten den Dag. Um Daach sollen zwou Landeplaze fir Helikopteren entstoen, déi direkten Zougang zu der Intensivstatioun an zum OP-Block solle kréien, seet den Dr Romain Nati.

De Staat iwwerhëlt 555 Milliounen Euro Käschten

Gebaut gëtt dat neit Spidol um Site vun der aler Maternité, tëscht dem Val Fleuri an der rue Federspill. Spéider wäert den Tram do stoe bleiwen. Et ass och en ënnerierdesche Parking mat 427 Parkplaze geplangt.

Déi aktuell Annexen 1 an 2 sollen erhale ginn an iwwer eng Passerelle un dat neit Gebai ugebonne ginn, dat alt Spidol gëtt desaffektéiert. Wat domat geschitt, ass fir den Ament nach net gewosst.

De Projet fir d'Finanzéierungsgesetz fir dat neit Gebai vum CHL ass elo um Instanzewee. De Staat soll 555 Milliounen Euro vun de Baukäschten iwwerhuelen. Wann d'Chamber dofir virum Summer gréng Luucht gëtt, da kënnen d'Aarbechten nach virum Enn vum Joer ufänken, hofft den Dr Romain Nati. A sechs Joer, 2028, kéinten da viraussiichtlech déi éischt Patienten empfaange ginn.

Méi zum Thema

E Spidol
Groupe Hôpitaux Robert Schuman

De Groupe Hôpitaux Robert Schuman huet en héijen Investitiounsplang. D'Kierchbierger Spidol an d'Zithaklinik ginn ausgebaut,d'Equipementer ginn erneiert. Dat geet aus dem Rapport vum Joer 2018 ervir.

Michel Nathan
Centre hospitalier neuro-psychiatrique

Fir gemeinsam Visiounen an der medezinescher Betreiung ze entwéckelen, wiere Fusioune vu Spideeler immens wichteg. Bis 2020 soll de Centre hospitalier neuro-psychiatrique mam Nordspidol zu Ettelbréck fusionéieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen