arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Startschwieregkeete fir Aviapartner

Findel

|
reading time

1 min

Startschwieregkeete fir Aviapartner

Den Handling-Agent Aviapartner huet Schwieregkeete fir um Findel Fouss ze faassen. Wéi et ausgesäit bréngt déi belsch Firma et net fäerdeg fir dem LuxairGroup Clienten ofzehuelen. Déi Fluchgesellschaften, déi nei op Lëtzebuerg kommen, schénge kee Kontrakt mat "Aviapartner" z'ënnerschreiwen.

reading time

1 min

"Ryanair huet sech fir de Buedemhandling vu Luxair entscheed", esou déi ieresch Airline op Nofro vum radio 100,7. De Kontrakt mam LuxairGroup ass awer nach net ënnerschriwwen: déi Lëtzebuerger Airline schwätzt vun "avancéierte Verhandlungen".

Et ass bekannt, datt Ryanair och mat Aviapartner verhandelt huet. Wéinst Problemer an deene Verhandlungen huet Ryanair seng éischt Volë vu Lëtzebuerg aus missen em e puer Wochen no hanne verréckelen.

LuxairGroup verléiert keng Clienten

D'Luxair seet, si wier donieft an avancéierte Verhandlunge mat Flybe. Déi englesch Airline bidd vum 1. September u Flich vu Lëtzebuerg op Manchester un.

D'Fluchgesellschaften, déi an der Vergaangenheet den Handling vum LuxairGroup maache gelooss hunn, féieren hir Kontrakter weider.

Aviapartner hat am Fréijoer no enger Ausschreiwung den Zouschlag kritt fir nieft der Luxair den zweeten Handling Agent um Findel ze ginn. Op d'Fro, ob Aviapartner de Projet Findel elo muss opginn, krute mir bei der belscher Firma bis elo keng Äntwert.