Privat Flüchtlingshëllef an hir Grenzen

20150825-gnoerich-miersch-1000930-1024x768.jpg

Och hei am Land ginn et Privatleit, déi sech engagéieren, fir Flüchtlingen ze hëllefen. E Beweis dofir ass “Refugees Welcome to Luxembourg” op Facebook.

E Fall vu Miersch weist awer, datt déi privat Flüchtlingshëllef net emmer evident ass.Zu Miersch huet am Mee dëst Joer een neie Foyer fir Flüchtlingen opgemaach, mat der Ënnerstëtzung vum OLAI.
läichzäiteg hate sech eng Partie Familljen zesummegedoen, fir de Flüchtlingen ze hëllefen, sech an deem neien Ëmfeld anzeliewen. Dorënner: d’Famill Gnörich (Foto), déi mëttlerweil net méi autoriséiert ass, de Foyer ze betrieden. Dat nodeems d’Awunner vum Heem zu Miersch hinnen iwwer Mëssstänn am Haus erzielt hunn. Zum Beispill hätten d’Gardiene sech net adequat beholl.

Lauschtert den Dossier vum Betty Gillen:


Et géife Famille ginn, déi sech besser fir Aktivitéite mat Flüchtlingen eegne wéi eng anerer. Dat seet den Yves Piron, Direkter vum OLAI, op Nofro hinn. Zesumme mam Sozialaarbechter deen den Dossier an sou engem Fall kennt, géif esou en “Tri” gemaach ginn. Duerno mussen déi betreffend Persounen eng Conventioun mam OLAI ënnerschreiwen. Wat déi vun der Famill Gnörich genannte Mëssstänn ugeet, sou sot eis den Yves Piron, hien wéilt dat net op der "place publique" beschwätzen. Et wéilt een sech awer "verstäerkt" em de "Site Miersch" këmmeren.  

Lauschtert de ganze Bäitrag mat de Reaktioune vum OLAI-Direkter, Yves Piron:


Och d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen huet reagéiert: et misst ee wësse wien déi Leit sinn, déi sech mellen, fir Flüchtlingen ze hëllefen, "an ass dat nëmmen e Casier judiciaire dee muss vierge sinn".

Den Detail vun den Aussoen vum Corinne Cahen an eisem Bäitrag:

audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2015-08-28-bg-PB12-Reaktioun-Cahen.mp3"][/audio]

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen