Press Pressehëllef gëtt reforméiert

Mat de Stëmme vun der Majoritéit an der CSV huet d'Chamber gréng Luucht gi fir d'Reform vu der Pressehëllef. D'Hëllef kann elo och vun Online- a gratis Medien ugefrot ginn. Ausgeschloss si Radioen. Haaptännerung am Gesetz ass, datt d'Hëllef net méi op Grond vun de geschriwwene Säite berechent gëtt.

Carole Schimmer / cbi

Zeitungen
Net nëmmen Zeitunge falen ënner d'Pressehëllef, mee och Online- a gratis Medien, mee keng Radioen. Foto: Bigstock / Mariann

Lauschteren


Et gëtt ee Paradigmewiessel, d'Hëllef gëtt net méi op déi geschriwwen Zuel u Säiten, mee op d'Zuel vun de Journaliste berechent, déi beim Medium schaffen. Nieft enger fixer Hëllef vun 200.000 Euro pro Editeur ass et pro Journalist eng Hëllef vun 30.000 Euro d'Joer.

Eng Zomm, déi vun der der Journalistenassociatioun ALJP als ze niddreg konsolidéiert gouf. Iwwerdeems kritt ee Pressegrupp maximal 2,5 Milliounen Euro pro Joer.

D'Gesetz ass ëmstridden

Dat neit Gesetz bleift ëmstridden, souwuel de Presserot wéi och d'ALJP vermëssen en Zougang zur Informatioun. D'Nathalie Oberweis vun déi Lénk deelt déi Kritik: wann ee Journaliste wierklech stäerke wéilt, da missten och aner Gesetzer reforméiert ginn. D'Deputéiert nennt als Beispiller d'Informatiounszougangsgesetz oder d'Reform vum Pressegesetz.

Ëmstridden am Gesetz bleift och d'Definitioun vum Journalist. Net kloer bleift, ob d'Gesetz garantéiert, datt déi nei Beruffer am Journalismus kënnen unerkannt ginn. D'Francine Closener ënnersträicht, datt d'Decisioun, wien eng Pressekaart kritt, mam Gesetz eng aner Bedeitung kritt, well se och finanziell Suitte fir de Mediebetrib mat sech bréngt.

D'LSAP-Deputéiert warnt virdrunner, datt en Editeur kéint a Versuchung komme Pressekaarte fir Leit unzefroen, déi keng Journaliste sinn. An enger Motioun huet d'Chamber d'Regierung dozou opgefuerdert no zwee een éischte Bilan vun der Reform ze zéien.

Méi zum Thema

Verschidde Presseoranger
Geplangte Pressehëllef

D'ALJP weist sech net iwwerrascht iwwer d'Decisioun vun der Chamber-Mediekommissioun vun en Dënschdeg, datt et virum Vott vun der Reform vun der Pressehëllef keng Entrevue mat der Journalistevereenegung méi wäert ginn.

Verschidde Presseoranger
Medien

D'Reform vun der Pressehëllef kéint ouni weider Entrevuë mat Vertrieder vu Journalisten an Editeuren deemnächst an der Chamber gestëmmt ginn: well et ëm staatlech Hëllefe fir Entreprisë geet, ass nach gréng Luucht vun der EU-Kommissioun néideg.

RER-Pressehëllef-Mike Koedinger, Josée hansen, Jean-Lou Siweck
Geschriwwe Press zu Lëtzebuerg

Pressevertrieder begréissen d'Pläng fir déi nei staatlech Pressehëllef. Haaptsächlech Onlineredaktiounen, Maison Moderne a L'essentiel wäerten an enger éischter Phas dovu profitéieren.

Net verpassen

  • 16.10. Riicht eraus - Bleift d'Kierch am Duerf?

    Riicht Eraus_Beift Kierch am Duerf 2.jpg

    Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen nach gebraucht ginn? Et diskutéieren d'Architektin Sala Makumbundu, de Kierchenexpert A. Langini, de G. Kieffer vum Bistum, an den R. Mangen, Schäffen Déifferdeng.

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen