Post sicht no Léisunge fir den defizitäre CCP

“De CCP ass eent vun eise Suergekanner”, esou de Generaldirekter vun der Post um 100,7. Mam aktuelle Modell wier d’Rentabilitéit vum Compte Courant laangfristeg net ze garantéieren. “Mir entwéckelen eis net an d’Richtung vun enger kompletter Bank, a mir halen och net op mam CCP”, esou de Claude Strasser. Op d’Fro vun enger Joint-Venture mat enger Bank ugeschwat, sot de Postdirekter, dat wier wäit an d’Zukunft geduecht, mä et wier eng vun de Pisten. Et géife scho méi laang Kontakter mat Banke ginn en vue vun enger Partnerschaft - Kontakter, déi méi rezent opgefrëscht gi wieren. Konkretes géif et awer net ginn.

De Sëtz vun der Post géif déi nächst Joeren um Aldringer bleiwen. D’Gebei op der Gare géif komplett sanéiert ginn. A 5 oder 6 Joer da kéint ee sech d’Fro vun der Zukunft vum Hotel des Postes um Aldringer stellen.

De ganze Riicht Eraus, moderéiert vum Jean-Claude Franck, kann hei nogelauschtert ginn:

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen