arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV-President warnt viru Verduebelung vu Populatioun

Lag vun der Natioun

|
reading time

3 min

CSV-President warnt viru Verduebelung vu Populatioun

An der Ried zur Lag vun der Natioun vum Xavier Bettel wier tëscht den Zeilen erauszeliesen, datt d’Regierung d’Populatioun vum Land wéilt verduebelen. Den CSV-Parteipresident Marc Spautz fënt dat am Interview mam Rick Mertens keng gutt Iddi a vermësst en Zukunftsdësch an e Bléck no vir.

reading time

3 min

D’Visioun vun der CSV ass, dass mer eis mat der Zivilgesellschaft zesummesetzen an zesummen no Weeër sichen”, esou den CSV-Parteipresident an Deputéierte Marc Spautz. Fir den aktuellen Niveau vun der Securité Sociale kennen z’erhalen, misst d’Populatioun weider wuessen. Mee an deem Fall bräicht een nei Verkéiersweeër an et misst méi kompakt gebaut ginn.

Wëlle mer wierklech alles zoubauen, wëlle mer véier- a fënnefspuereg Autobunnen oder net?”, oder “Wëlle mer dat op Käschte vun der Liewensqualitéit opginn?” huet de Marc Spautz hannerfrot. Et wier net un der Politik, fir vun uewen erof ze decidéieren, esou den CSV-President, dee bedauert huet, datt de Xavier Bettel en Debat “carrément” ausgeschloss hätt.

Gutt Situatioun

Méi genee gekuckt, wier d’wirtschaftlech a sozial Situatioun zu Lëtzebuerg net sou gutt, wéi de Xavier Bettel se beschriwwen hätt. De Leit géing et deelweis besser goen, mee de Marc Spautz huet beispillsweis op d’Invaliderenten higewisen, déi an d’Luucht gaang wieren. Och dat hätt zur Baisse vum Chômagetaux gefouert. “Dat ass dann och e bëssen eng Wuertspillerei”, esou den CSV-Parteipresident.

Wann d’Situatioun makroeconomesch besser wier, wéi virun zwee Joer, sou wier dat dem Marc Spautz no och net de Verdéngscht vun der Regierung, mee méi op déi international Entwécklungen zréckzeféieren.

Näischt Konkretes

D’Regierung géing méi no hanne kucken, wéi no vir, esou den CSV-President. Och hie mengt, déi eenzeg konkret Annonce vum Premier wier déi iwwert d’Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit gewiescht. Mee souguer dat wier éischter eng “Fortféierung” vun Diskussioune gewiescht.

Guer näischt Neits wieren d’Deklaratiounen iwwert de Logistiksecteur gewiescht, genee sou wéineg, wéi déi iwwert d’administrativ Vereinfachung oder déi iwwert den Zucharrêt bei der Rouder Bréck.

De Marc Spautz huet och bedauert, datt de Xavier Bettel net decidéiert hätt, fir dat neit 'Südspidol' vum CHEM um Terrain vun Arcelor-Mittal zu Schëffleng ze bauen.