arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Onméiglech" datt d'Marine Le Pen Presidentin gëtt

Regionalwahlen a Frankräich

|
reading time

2 min

"Onméiglech" datt d'Marine Le Pen Presidentin gëtt

Trotz dem staarke Resultat vum Front national bei de Regionalen a Frankräich, ass et "onméiglech", datt d’Marine Le Pen 2017 Presidentin gëtt. Dat seet de Politolog Etienne Criqui vun der Université de Lorraine zu Nanzeg. De Front national hätt am zweeten Tour vun de Presidentiellen nämlech, senger Meenung no, keng Chance sech duerchzesetzen.

Rick Mertens / ckl

reading time

2 min

Et ass gutt méiglech, datt d'Popularitéit vum Front national bis d'Presidentielle weider zouhëlt. Déi Analys mécht den Politolog Étienne Criqui, dee Professer op der Université de Lorraine zu Nanzeg ass. Senger Meenung no ass also no de Regionalen och bei de Presidentewahlen 2017 mat engem historesche Score vum FN ze rechnen. Anescht wéi 2012 kéint déi rietsextrem Politikerin do an den zweeten Tour kommen. 

Datt si an den zweeten Tour kënnt, géif awer net heeschen, datt si och gewënnt, sou den Étienne Criqui weider. Datt d'Marine Le Pen Presidentin gëtt hält de Politolog souguer fir onméiglech: "Si wäert op déiselwecht Schwieregkeete stousse wéi hire Papp: fir vu 25 oder och nach 27% vun de Stëmmen am éischten Tour, op 50% am zweeten Tour ze kommen, dat ass fir si net méiglech".

"Selwer nach ni um Pouvoir"

Dat gutt Resultat fir de Front national am éischten Tour vun de Regionalen 2015, géif eng Entwécklung confirméieren, déi schonn zanter enger Rei Joeren amgaang ass. Scho bei den Departementswahlen 2011 hat den FN e relativ gutt Resultat gemaach. Bei de Presidentiellen 2012 och, a schliisslech bei den Europawahlen 2014. Dës Entwécklung géing sech ënnert anerem duerch den héije Chômage a Frankräich erklären. 

Mee och déi rezent Attentater zu Paräis, grad wéi d’Flüchtlingskris, géifen dem Front national an d’Kaarte spillen, well d’Partei sech scho laang fir eng méi streng Sécherheetspolitik asetzt. Bei dëse Sujete géing d’Partei vum Marine Le Pen och dovu profitéieren, datt si bis elo eng reng Oppositiounspartei ass. "De Front national spillt mat den Ängschten, a schwätzt vill vu sozialer Kris. Mee d'Partei war awer selwer nach ni um Pouvoir um nationale Plang. An um lokale Plang ass si bis elo och relativ wéineg present. Den FN huet deemno ni wierklech misste Verantwortung iwwerhuelen", seet nach den Étienne Criqui.

Lauschtert de Bäitrag vum Rick Mertens: