Flüchtlingen Politesch Konzepter feelen

An enger politescher Resolutioun fuerdert d'ASTI vun der Politik, eng Integratiouns-Strategie fir Flüchtlingen. Dat géing et bis elo net ginn, seet d’Presidentin vun der Auslännerorganisatioun. D’Laura Zuccoli kritiséiert, datt sech haaptsächlech mam Empfang vu Flüchtlinge beschäftegt géing ginn. Dat géing net duer goen.

Mick Entringer / fa

Laura Zuccoli
Laura Zuccoli

Gefuerdert gëtt eng Reform vum Contrat d’Accueil et d’integration, deen den OLAI, d’Verwaltung déi Refugiéë betreit, den neien Awunner fakultativ proposéiert. Esou soll d’Offer an d’Zuel vu Stonne fir Sproochecoursen an d’Luucht gesat ginn an d’Lëtzebuerger Residente solle méi bei der Integratioun mat agebonne ginn.

Fir Flüchtlingsfoyere misst en nationaalt flächendeckend Gestionskonzept ausgeschafft ginn. Aktuell géingen ëmmer nach eng Partie Foyeren exklusiv vu Sécherheetsfirmaen encadréiert ginn, esou d’ASTI-Presidentin.

Eng Strategie fir Participatioun

D’ASTI warnt viru Populismus an der Politik an an de Medien. Se kritiséiert an deem Zesummenhank de Sondage "Politmonitor" vun RTL a vum Lëtzebuerger Wort, deen d’Fro no der Burka gestallt huet. D’Burka wier zu Lëtzebuerg kee Problem, esou d’Laura Zuccoli.

De Conseil national pour étrangers misst reforméiert ginn, well en net géing fonctionnéieren. Der ASTI no kéint dat eng national Instanz ginn, déi vun den Net-Lëtzebuerger Residente gewielt gëtt. Nom Modell vun der Chambre des Salariés. Déi Wale kéinten zäitgläich zu den nationale Walen ofgehale ginn, esou datt eng Politiséierung méiglech wier. Doduerch géing de Conseil national pour étrangers eng Legitimitéit kréien, a bei gesellschaftleche Froe méi seriö geholl ginn.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen