Sécherheet Police: Zuel un Iwwerfäll ass net méi héich

Et gëtt aktuell keng méi héich Zuel vun Iwwerfäll am Dag an de Stroosse vun der Stad - dat deelt d'Police op eis Nofro hi mat. Si confirméiert deemno déi rezent Aussoe vun der Stater Buergermeeschtesch net.

Police Lëtzebuerg
Foto: Archiv

D'Lydie Polfer hat d'lescht Woch virun der Press méi Policepresenz an de Stroosse vun der Stad gefuerdert, well Iwwerfäll, bei deene Leit matzen am Dag zum Beispill hir Kette vum Hals géife gerappt kréien, sech géifen heefen.

Ronn zéng esou Fäll géifen et pro Woch ginn, hat si gesot. D'Police deelt schrëftlech mat, datt tëscht Januar an Abrëll 2021 an der Stad Lëtzebuerg an der Moyenne eng 3,5 sou "Déifställ mat Gewalttätegkeeten" pro Woch enregistréiert ginn.

Iwwer déi läscht fënnef Jore war déi Moyenne am selwechten Zäitraum - mat 4,7 Fäll pro Woch - iwwerdeems méi héich. D'Police huet an de leschte Woch zwar eng isoléiert Serie vun Aueren- an Ketten-Déifställ enregistréiert. Dat wier awer ee Phenomen, deen zäitweis a gréissere Stied géif optauche, wou vill Leit sech ophalen, heescht et nach.

Méi zum Thema

Police-4.jpg
Gesellschaft

D'Police steet virun enger ganzer Rei vun Erausfuerderungen. Verännerunge beim Rekrutement, der Digitaliséierung an eng optimiséiert Organisatioun solle Besserung bréngen.

Kox Polfer
Quartier Gare

De Minister fir bannescht Sécherheet schléisst aus, datt d'Police an der Stad mat private Sécherheetsleit zesummeschafft. Den Henri Kox betount, eleng d'Police wier fir d'Sécherheet am ëffentleche Raum zoustänneg.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen