Ukrainesch Flüchtlingen zu Iechternach Plaz fir 130 Leit am fréiere "Grand Hôtel"
Zanter dräi Woche ginn ukrainesch Flüchtlingen am fréieren "Grand Hôtel" zu Iechternach opgeholl. Den neie Proprietär huet d'Gebai fir ee Joer zur Verfügung gestallt. Den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler ass zefridden iwwer déi Léisung. D'Hëllefsbereetschaft an der Iechternacher Populatioun wier dobäi grouss.

De ganzen Interview lauschteren
Den Hotel stoung scho méi laang eidel: de Proprietär huet en Repreneur gesicht, mee kee fonnt. En Investisseur huet dunn e Projet proposéiert, deen en Accord vun der Gemeng fonnt huet.
Dofir muss de PAG awer geännert ginn, an dat brauch Zäit, seet den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler (CSV). En attendant hätt den Investisseur proposéiert, d'Gebai gratis e Joer laang fir ukrainesch Flüchtlingen zur Verfügung ze stellen.
"Fir d'Stad Iechternach bedeiten déi Leit natierlech eng Partie Aufgaben", seet den Yves Wengler am 100,7-Interview. D'Flüchtlinge sinn zanter dräi Wochen do - den ONA (Office national de l'accueil) koordinéiert d'Prozedur.
D'Gemeng Iechternach suergt ë.a. fir d'Scolarisatioun vun de Kanner a wëllt och Kontakter mat der Populatioun an de lokale Veräiner maachen. "Déi Iechternacher Populatioun ass do ganz hëllefsbereet", esou den Yves Wengler. Zum Beispill hätten d'Flüchtlinge Bitzmaschinnen a Stoff gefrot, do wier direkt vill zesumme komm.
"Déi Better feelen am Tourismus"
Et ginn 130 Hotelsbetter vu Flüchtlinge beluecht. Déi feelen natierlech am Tourismus, seet den Yves Wengler - mee dat géife se souwisou maachen, zanter den Hotel zou wier.
Generell wieren d'Iwwernuechtungsméiglechkeeten zu Iechternach e Problem. An der Glanzzäit vum Tourismus goufen et an der Stad Iechternach 20 Hoteller, elo nach sechs.
"Et ass als Gemeng schwéier deem entgéint ze steieren", hält den Yves Wengler fest.