Ëmstriddent Atomkraaftwierk Plainte géint Tihange gëtt Enn November deposéiert

Eng 120 Gemengen aus der Belsch, Däitschland, Holland a Lëtzebuerg kloe géint d'Atomzentral Tihange an der Belsch. Et läit elo eng Etude vir, déi weist, wéi geféierlech de Reakter wierklech ass.

Tessy Steffen Koenig / ys

Atomkraaftwierk Tihange
Den Atomreakter Tihange zu Huy (Foto: picture alliance / dpa / Oliver Berg)

Déi offiziell Plainte vun iwwer 120 lëtzebuergeschen, däitschen an hollännesche Gemenge géint d'Atomzentral zu Tihange an der Belsch ass am Gaange finaliséiert ze ginn. Dat präziséiert de gréngen Deputéierten Henri Kox op Nofro hin. Enn des Mounts soll dës Plainte formell deposéiert ginn.

D'Areeche vun der Plainte géint Tihange 2 hätt sech ëm e puer Wochen an d'Längt gezunn, erkläert de Pressespriecher vun der Städte-Region Oochen. Zousätzlech zu de Personnes juridiques géifen d'Fraktiouns-Cheffen aus der Städte-Region ënnert hirem eegenen Numm mat kloen. Doduerch géif d'Plainte méi Gewiicht kréien. Fir dat propper auszeschaffen hätt ee sech nach Zäit gelooss.

Selwechten Impakt op Lëtzebuerg wéi op Oochen

Donieft hätt ee wéilten op eng Etude vun der Universitéit fir Buedemkultur zu Wien waarden, déi méiglech radiologesch Auswierkungen vun engem groussen Accident am Reakter Thiange 2 analyséiert huet.

Mat enger Wahrscheinlechkeet vu ronn 30 Prozent wieren Grenzwäerter fir déi effektiv Schutzdose vun Persounen an de Regiounen ronderëm d’Atomzentral ëm dat dräifacht iwwerschratt, warnt den Detlef Funken. Oochen ass wéi Lëtzebuerg ronn 70 km vun Tihange ewech. Domat wier Lëtzebuerg deene selwechte Geforen ausgesat ewéi Oochen.

D'Plainte, déi Enn November soll deposéiert ginn, gouf zesumme mat Affekote virbereet a vun der Städte-Region Oochen koordinéiert. Den Detlef Funken hofft, datt den Drock duergeet, fir viru Geriicht géint Tihange 2 kënnen ze gewannen.

Bal eng hallef Millioun Euro huet misse fir d’Plainte géint den Atomreakter mobiliséiert ginn. Wann an deem Fall nach misst e Solidarbäitrag gemaach ginn, wieren d'Gemenge bereet d'Initiative weider z'ënnerstëtzen, sot de gréngen Deputéierten Henri Kox dem radio 100,7.


Bäitrag vum Tessy Steffen Koenig vum 14.11.2016:

Plainte géint Tihange 2

Méi zum Thema

Carole Dieschbourg
COP22

Kënnegen d’USA - ënnert dem Klima-Skeptiker Trump - de Paräisser Weltklima-Accord? Zu Marrakesch gëtt d’Ëmsetze grad beroden. Fir d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg heescht et: ofwaarden.

desert windmills in dunes energy
Klimapolitik

Fir eng Reduktioun vun de CO2 Emissioune solle méi erneierbar Energië produzéiert ginn. Marokko - wou den Ament d'COP22 ass - wëll an deem Beräich mam Beispill virgoen. Mee zu wéi engem Präis?

Henri Kox
Atomkraaft

Um Dënschdeg haten 80 däitsch, hollännesch a Lëtzebuerger Gemenge mam EU-Parlamentspresident eng Entrevue iwwer Tihange 2. D'Resultat dovun ass éischter positiv. Den Henri Kox (déi gréng) war dobäi.

windmill and solar panel with a clear blue sky
Erneierbar Energien

Lëtzebuerg huet a sengem Energiekonsum EU-wäit dee klengsten Undeel un erneierbaren Energien. Déi deementspriechend Direktive gëtt dem Grand-Duché bis 2020 fir des Situatioun ze verbesseren.

 

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen