All dräi Joer analyséiert d’PISA-Etude d’schoulesch Leeschtunge vu Schüler aus 72 Länner. De Grand-Duché kënnt am internationale PISA-Ranking op déi 32. Plaz. Getest gi Jonker am Alter vu 15 Joer an de Beräicher Naturwëssenschaften, Lies-Verständnis a Mathematik. D’Resultater vun 2015, grad ewéi déi vu viregten Etuden, weisen, datt Jonker mat Migratiounshannergrond méi schwaach ofgeschnidden hunn. Hei am Land sinn dat bal d’Hallschent vun de geteste Schüler.
De lëtzebuergesche Schoulsystem wier verhältnisméisseg “bildungsongerecht”, esou den Tun Fischbach. Fir de Pedagog op der Universitéit Lëtzebuerg gëtt et “substantiell Kompetenzënnerscheeder tëschent Schülerinnen a Schüler aus ënnerschiddleche sozio-kulturelle Kontexter an – nach méi ausschlaggebend – aus ënnerschiddleche sozio-ekonomesche Stéit”. 42% vun de geteste Schüler erfëlle béid Kritären, erkläert de Luc Weis vum SCRIPT, dem nationale Service fir d’Recherche a pedagogesch Innovatioun.
Méi Schüler mat Migratiounshannergrond, mee stabel Resultater
Am Joer 2003 haten 30% vun de Schüler, déi un der PISA-Etude deelgeholl hunn, ee Migratiounshannergrond. D’lescht Joer war et bal d’Hallschent. D’Leeschtungsënnerscheeder tëschent Schüler mat respektiv ouni Migratiounshannergrond, wiere nach ëmmer grouss, sou de Luc Weis. D’Resultater vun der PISA-Etude géife weisen, datt Schüler mat engem Migratiounshannergrond am Duerchschnëtt e schoulesche Retard vun annerhallwem Joer op lëtzebuergesch Schüler hunn. Am Duerchschnëtt hätte sozio-ekonomesch benodeelegt Schüler e Retard vun zwee bis zwee an en halleft Joer.
Obwuel d’Zuel vun de Schüler mat Migratiounshannergrond an de leschte Jore weider an d’Luucht gaangen ass, bleiwen d’PISA-Resultater stabel. Fir den Tun Fischbach vun der Universitéit Lëtzebuerg ass dës Entwécklung een Deelerfolleg. Disparitéiten opgrond vum Migratiounshannergrond géifen iwwert d’Zäit zeréckgoen, erkläert hien dës Stagnatioun. “PISA gëtt net gutt ugesi vun den Enseignanten, mee et ass hei de Moment, fir dem Terrain ze felicitéieren. Dat Resultat weist ganz kloer, datt ee sech där Problematik bewosst ass a säi Mënscheméiglechst mécht, fir se an de Grëff ze kréien”.
Och de Patrick Remakel, President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE, mengt, datt déi méi oder wéineger konstant Resultater een Deelerfolleg sinn. A sengen Ae sollt ee sech bei der Interpretatioun vun de PISA-Resultater un dëser positiver Entwécklung orientéieren. “Mir hu ganz vill auslännesch Kanner an eisem Schoulsystem, déi mir gutt integréieren”.
“Keng falsch Konklusiounen zéien”
Aus de PISA-Resultater dierft ee keng falsch Konklusiounen zéien, seet de Claude Meisch. D’Schoullandschaft dierft sech net just un der PISA-Etude orientéieren. Den Educatiounsminister géif ënnert anerem stéieren, datt nieft der Test-Sprooch déi aner Sprooch oder Sproochen, déi d’Schüler nach kennen, net a Betruecht gezu géife ginn.
Fir den SNE-President Patrick Remakel dierft een de sproochleche Räichtum net fir besser Resultater an der PISA-Etude op d’Spill setzen. Trotzdem ass den Tun Fischbach vun der Universitéit Lëtzebuerg der Meenung, datt de Lëtzebuerger Schoulsystem besser un d’Verschiddenaartegkeet vun de Schüler misst ugepasst ginn. Hie lancéiert een Appell fir ee méi flexibele Schoulsystem. “D’Zil muss et sinn, all Kand um Enn vum Dag zum Maximum vu sengem Potential ze bréngen. D’Rezept ass do fërderen a fuerderen ouni z’iwwerfuerderen”.
Konkret Virschléi, fir d’Performance vun de Schüler hei am Land ze verbesseren, goufe bei der Presentatioun vun der PISA-Etude awer keng genannt.