Kampf géint den Terrorismus “Méi Angscht a manner Sécherheet”

“All Mesure, déi méi Angscht mécht wéi se Sécherheet bréngt, spillt den Terroristen an d’Hand”. Dat seet de Sven Clement am 100,7-Interview iwwert déi nei Sécherheetsmoossname vun der Regierung. Alles an allem kréie Police a Parquet zu Lëtzebuerg méi Muecht fir hire Kampf géint den Terrorismus.

Sven Clement.jpg

D‘Enquêteuren däerfen Trojaner aschleise fir u wichteg Informatiounen am Computer ze kommen. De Sven Clement gesäit kee plausibele Grond, firwat eng liberal Partei wéi d’DP oder progressiv Parteie wéi déi Gréng an d’LSAP fir méi Iwwerwaachungsmesurë sinn. Et géif hei em Moossname goen, déi am Ausland scho laang kritiséiert géife ginn an hir Efficacitéit net bewisen hätten.

Fir de President vun der Piratepartei mécht d’Ophiewe vun der Privatsphär dowéinst kee Sënnt. Trotz der Vorratsdatespäicherung an den Hiwaiser vun auslännesche Geheimdéngschter wieren d’Uschléi vu Paräis net verhënnert ginn. De Sven Clement ass och net averstan mat der Fuerderung vum EU-Kommissär Öttinger, dee méi Mëttele fir d’Geheimdéngschter fuerdert. “Si brauchen net méi Moyenen, mee méi Fokus. Amplaz nach méi Donnéeën ze sammelen, hätte si besser, si géifen d’Zeitunge vun den Terroriste léisen, wou Attentater ugekënnegt ginn."

Anonym Prepaid-Kaarten ofschafe keng gutt Iddi

An Zukunft ginn och anonym Prepaid-Kaarte fir ze telefonéiere verbueden. “Déi Mesure mécht vläit un der Uewerfläch Sënn, mee wann een am Detail driwwer nodenkt, mierkt ee séier, datt se net efficace ass." De Problem mat esou Kaarte wier ni gewiescht datt een net wousst wien et wär. Wann ee seng Recherche propper géif maachen, géif een erausfanne wien de Proprietaire vu der Nummer wär. "De Problem war éischtewr, datt ee méi Aarbecht hätt missen investéiere fir den Eegentümer eraus ze fannen.”

De Sven Clement bedauert donieft dat deene Jonken en Outil méi schwéier zougänglech géif gemaach ginn, dee fir si dacks den éischten Zougang zur Kommunikatioun wier.

De Sven Clement am Gespréich mam Christian Welter (29. Oktober 2015):

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen