Pierre Gramegna confirméiert: TVA-Hausse am Juli méiglech

De Pierre Gramegna huet d'100,7-Nouvelle vum Freideg confirméiert, datt d’Regierung driwwer no denkt d’TVA schonn den éischten Juli an d’Lut ze setzen. “1. Juli oder 1. Januar : dat sinn déi zwou Hypotheesen, woubäi den 1. Juli Virdeeler huet”, esou de liberale Finanzminister de Weekend an der Emissioun Riicht Eraus. D’Inflatioun géif wéinst der TVA-Hausse em ronn 1 Prozentpunkt klammen, mä en Deel dovu géif sech wéinst der Index-Modulatioun net op d’Salairen iwwerdroen.

Fir de Staatsbudget vun 2015 annoncéiert de Minister Sanéierungsmesuren a Milliardenhéicht: bei de soziale Leeschtunge géifen et ganz sécher Ännerunge ginn, och beim Kannergeld. D’Regierung géif am Summer Décisiounen huele. Bis dohin sollen inter-ministeriell Aarbechtsgruppe potentiell Spuermesuren ausschaffen.

Déi ganz Emissioun kann hei gelauschtert ginn:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen