Pierre Gramegna an den USA: zu Lëtzebuerg spillt d'Transparenz
"Iwwerall wou ech sinn explizéieren ech, datt a Saache fair Besteierung d’Transparenz zu Lëtzebuerg voll spillt." Dat sot de Finanzminister Pierre Gramegna no senger Missioun fir d’Promotioun vun der Finanzplaz d‘lescht Woch an den USA, wou déi lëtzebuerger Haltung appréciéiert gi wier.
Am Interview um 100,7 huet hien och iwwert d ‘Reuniounen vum internationale Währungsfong a vun der Weltbank geschwat, bei deenen hien als Gouverneur vun deenen Institutiounen dobäi war.
Hie sot dat et eng Partie Gefore fir déi internationaler Konjunktur géife ginn. Nieft dem héije Chômage a ville Länner an de Konflikter uechtert d’Welt wier een zu Washington zur Konklusioun komm, dat di international Communautéit e bëssen ze lues op d’Ebola-Krankheet reagéiert hätt. Elo géing et drëm goen, ze kucken, dat de Virus sech net weider verbreet, esou de Finanzminister Pierre Gramegna
Den Interview vum Christian Welter mam Finanzminister Pierre Gramegna: