Am Zentrum vun der Stad ass d'Liewen op ville Plazen méi oder manner normal weider gaang. Et souze Leit op Terrassen an a Restauranten. Verschidde Busser a Stroossebunne sinn am Nomëtteg nees zirkuléiert. Vun der offizieller Staatstrauer, déi nach bis en Donneschdeg gëllt, ass mat de ville Leit op de Stroossen esou also net vill ze spieren. Mee natierlech ass Bréissel am Ausnamezoustand: Et gëtt eng staark Presenz vun der Police. De Fluchhafen Zawentem soll haut Mol sécher nach zou bleiwen. D'Metroslinn, op där gëschter dat zweet Attentat geschitt ass, soll op engem Deel vum Parcours gespaart bleiwen. Grad wéi vill Statioune vun anere Metroslinnen. D'Rue de la Loi ass op der Héicht vun der Metrosstatioun Maelbeek nach ëmmer gespaart.
![]()
D'Nuecht iwwer ass d'Zuel vu 34 Doudege stabil bliwwen, mellt RTBF. Mee bei 230 Blesséierter ass de Risiko natierlech grouss, datt de Bilan nach no uewe muss revidéiert ginn. Rieds geet vun iwwer 50 schwéier Blesséierten. D'Affer goufen op 25 Spideeler am Land verdeelt, gréisstendeels an der Regioun Bréissel. Et goufen zousätzlech Doktere mobiliséiert, sou datt déi medizinesch Versuergung gëschter konnt assuréiert ginn.
Bis spéit an d'Nuecht gouf et Perquisitiounen am Quartier Schaerbeek. Dem Parquet no goufe Sprengsätz mat Neel, chemesch Produiten an ee Fändel vum Islamesche Staat fonnt. Et sollen och nach aner Perquisitiounen an der Bréissler Regioun an op anere Plazen am Land am Gaang sinn.
Verschidde Leit mengen, datt et mat den Attentater an hirer Stad nach net eriwwer wier. Op där anerer Säit sollen d'Schoulen an och d'Uni haut nees op sinn. D'Autoritéite schéngen deemno net dervun auszegoen, datt et direkt zu engem weideren Attentat kéim..
Solidaritéits-Versammlung friddlech verlaf
Schonn am Nomëtteg a bis an den Owend eran si vill Leit op de Boulevard Anspach op d'Plaz virun der Bréisseler Bourse komm. Si hu Käerzen a Blumme matbruecht a mat Kräid Friddens-Messagen op de Buedem gezeechent. Och de belsche Premier Charles Michel an den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker sinn op där Plaz kuerz laanscht komm, an et gouf eng Gedenkminutt.
Den Opruff vun den Autoritéiten zur Rou ass och beim Rassemblement respektéiert ginn. D'Stëmmung op der Plaz virun der Bourse war friddlech, trotz engem sichtlech ganz ugespaante Kader: Nieft de Leit, déi manifestéiert hunn, ware vill staark arméiert Polizisten an och Zaldoten. Si hunn ënnert anerem d'Rucksäck vun de Leit kontrolléiert, déi op d'Plaz wollte kommen.
![]()
Politesch Reaktiounen
De belsche Premier Charles Michel huet sech gëschter bei senger Usproch drop konzentréiert, den Affer an hire Famillen ze gedenken. Respektiv déi akut Sécherheetsmesuren z'erklären. Fir haut de Moien ass déi belsch Regierung zesummen. Et bleift ofzewaarden, wat dobäi eraus kënnt. Méi konkret politesch Fuerderunge koumen aus Frankräich: de Premier Manuel Valls huet d'Europaparlament opgefuerdert, endlech dem automateschen Austausch vu méi Donnéeën iwwer d'Fluchpassagéier an der EU zouzestëmmen.
D'CSV-Europadeputéiert Viviane Reding huet dat gëschter am 100,7-Interview kritiséiert a betount, et misst een déi Moyenen, déi een hätt richteg notzen, amplaz elo schonn nei Gesetzer ze fuerderen, déi Grondrechter aschränken. Si leet den Accent op Präventioun, genee wéi de gréngen Europadeputéierte Claude Turmes.
Och déi Lëtzebuerger Regierung huet an de leschte Méint ëmmer nees betount, datt repressiv Mesuren alleng net duer ginn, fir Terror ze bekämpfen. Stellt sech d'Fro, wat um Terrain wierklech geschitt. De radio 100,7 hat rezent reveléiert, datt fir de Präventiounsprogramm géint Radikaliséierung vu Jonker zu Lëtzebuerg just eng Persoun schafft, an zwar hallewdags.
![]()
Tensioune ronderëm Flüchtlingsfro
D'EU huet sech an de leschte Méint schwéier gedoen, fir eng gemeinsam Äntwert op d'Flüchtlingskris ze fannen. Hei kéinten d'Tensioune weider klammen. Well de Lien tëscht Flüchtlingen aus arabesche Länner an Terroriste gouf vereenzelt scho gemaach. De Vize-President vum franséische Front National, de Florian Philippot huet gefuerdert, datt d'Immigratioun soll gestoppt ginn an datt d'Grenze sollen zougemaach ginn. A verschiddenen Editoen an der europäescher Press liest een um Mëttwoch Moie vill Meenungen zur Fro, ob Europa mat sengen Immigranten ze tolerant ass, oder eben net solidaresch an integrativ genuch. Egal wéi, gëtt et een akute gesellschaftlechen Diskussiounsbedarf, iwwer d'Interpretatioun vun deem, wat gëschter zu Bréissel geschitt ass.