Philippe Schrantz gëtt neie Generaldirekter vun der Police

De Philippe Schrantz gëtt neien Generaldirekter vun der Police. De Jeff Neuens gëtt Chef vun der Police judiciaire an d’Monique Stirn iwwerhëlt d’Spëtzt vun der IGP, der Inspection Générale de la Police. Dat huet den zoustännege Minister, Etienne Schneider, den Deputéierten an der Press confirméiert. Déi Nimm zirkuléiere jo schonn eng Zäitchen an de lëtzebuerger Medien.

Wéinst dem Vertrauensbroch tëschent dem Kader an dem Corps an der Police, hat den Etienne Schneider am Juni déifgräifend Changementer ugekënnegt. Dozou gehéiert och eng generell Reform vun der Police. No enger Rei internen an externen Audite sollen dofir d’nächst Joer d’Texter deposéiert ginn.

De Romain Nettgen gëtt säi Mandat am Februar d’nächst Joer op. Säin Successeur, Philippe Schrantz, ass zënter 2011 Personal-Chef bei der CFL. Virdru war hien Personalchef bei der Police. Adjoint gëtt den Donat Donven, Regional-Direkter zu Esch. D’Nominatioun vu béide Beamten ass dann och fir ufank Mäerz virgesinn.

De Minister vun der "Sécurité intérieure", Etienne Schneider:

 

Firwat gëtt eng Magistratin, déi aktuell Untersuchungsriichterin, Monique Stirn, Cheffin vun der IGP. Dozou den Etienne Schneider:

 

Den CSV-Deputéierten a fréieren zoustännege Minister fir d'Police, Jean-Marie Halsdorf, sot de Mëtteg an enger éischter Reaktioun dat hei:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen