Orkan Victoria Philippe Ernzer: "D'Modeller gi vun engem geméissegte Stuerm aus"

Den Orkan Victoria bréngt dëse Weekend nees staarke Wand an den Nordweste vun Europa. Virun allem Island ass dovunner betraff. Och zu Lëtzebuerg soll et stiermesch ginn, allerdéngs net sou staark wéi leschte Weekend, erkläert de Philippe Ernzer.

Maxi Pesch / cz

Philippe Ernzer
De Philippe Ernzer ass Hobbymeteorolog a fräie Mataarbechter fir de radio 100,7

Maximal gi sech fir de Sonndeg Wandspëtzte vu ronn 90 Kilometer pro Stonn erwaart. Well de Stuerm eventuell relativ waarm Loftmasse wäert unzapen, kënnen de Sonndeg zu Lëtzebuerg bis zu 18 Grad Celsius erreecht ginn, sou den Hobbymeteorolog a Grënner vu Meteo Boulaide.


D'Maxi Pesch am Gespréich mam Philippe Ernzer

Méi zum Thema

Fändel CGDIS
Wéinst héije Wand-Vitessen

De Stuerm ass nach net eriwwer. D'Alerte orange vu Meteolux gëllt de ganze Méindeg. Hënt hätt de Stuerm Wandspëtzte vu bis zu 110 Kilometer an der Stonn erreecht. Deemno soll ee weider ganz virsiichteg ze sinn.

Iwwerschwemmung 1
No deem ville Reen

Et gëtt nach keng Entwarnung bei der Héichwaassersituatioun am Land. D'Situatioun hätt sech mëttlerweil awer berouegt, sou de Christopher Schuh vum CGDIS. D'Rettungsdéngschter waren de ganzen Dag am Asaz.

Programm

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen