Remboursement Petitioun iwwer Remboursement vu Rechnung vu Psycholog:innen

Débat public an der Chamber iwwer eng Petitioun, an där gefrot ginn ass, datt een d'Rechnung vu Psycholog:inne rembourséiert kritt. 5.500 Leit hunn dat Uleies mat hirer Ënnerschrëft ënnerstëtzt, 1.000 méi wéi néideg fir eng Diskussioun an der Chamber ze kréien. Déi war gëschter Mëtteg, an do ass net ëmmer kloer gewiescht, iwwer wat géif geschwat ginn.

Maurice Molitor / cbi

Chamberpetitioun
D'Petitionärin Paula Antunes Quinteira huet hir perséinlech Geschicht erzielt. Foto: Chambre des Deputés

Lauschteren


Déi aktuell Diskussioun iwwer d'Prise en charge vun de Psychotherapien ass dorun net onschëlleg: datt do soll zeréckbezuelt ginn, doriwwer gëtt et e breede Konsens an der Politik.

Et gëtt awer Sträit tëscht der CNS a Fapsylux, dem Beruffsverband vun de Psychotherapeut:innen. E Freideg hätt dee Konflikt u sech an d'Mediatioun solle goen, mee dat ass net geschitt, well d'Fapsylux nach Verschiddenes juristesch wëllt kläre loossen.

Datt eng einfach Consultatioun - also keng Therapie, mee eng Berodung bei Psycholog:innen (wéi an der Petitioun gefrot) soll rembourséiert ginn, dat geet guer net am Moment, well net-klinesche Psycholog:innen net als Gesondheetsberuff unerkannt ginn.

Nach net, mee dat kënnt vläicht: d'Fro soll allzäit diskutéiert ginn. Dat war eng vun de Conclusiounen nom Debat.

Eng perséinlech Situatioun

Déi aner hat eppes mam Temoignage vun der Petitionärin ze dinn. D'Paula Antunes Quinteira huet hir perséinlech Situatioun erzielt, si huet virun e puer Joer hire Mann verluer, hir zwee Kanner also de Papp.

U sech hätten déi dräi psychologesch Hëllef gebraucht, mee dat konnt d'Famill sech net leeschten:

"Dann hunn ech léiwer mäi Meedche léisst sech betreien, an ech bleiwen dann eben eraus. Ech kucken, datt ech dann eben eleng eens ginn mat menge Suergen, mat menge Problemer, mee Haaptsaach d'Kand huet Betreiung."

Wat tragesch ass: well dem Meedchen hätt kënne gehollef ginn, ouni datt dat déi finanziell Méiglechkeete vun der Petitionärin erschöpft hätt. Mee keen huet d'Famill op déi vill verschidde gratis Berodungsoffere vun Associatiounen opmierksam gemaach, déi et doruechter gëtt - net nëmme, mee vrun allem fir jonk Leit.

Deen Defizit soll elo mol prioritär ugepaakt ginn, huet et nom Debat geheescht.

Méi zum Thema

Dokter
Dokteschrechnungen

Zwou nei Applikatioune sollen an Zukunft méi séier Remboursementer vun Dokteschrechnungen erméiglechen. D'Patiente kënne se vun elo un notzen, dat awer just bei enger limitéierter Zuel un Dokteren.

Net verpassen

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen